Neil Armstrong

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Neil Armstrong den 1. Juli 1969
De Pilot Neil Armstrong mat der X-15 (1960)

Den Neil Alden Armstrong, gebuer de 5. August 1930 bei Wapakoneta, Ohio a gestuerwen de 25. August 2012 zu Columbus, war en US-amerikaneschen Testpilot an Astronaut. Den 21. Juli 1969 hat hien als éischte Mënsch de Buedem vum Mound betrueden.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Jugend an Ausbildung[änneren | Quelltext änneren]

Den Neil Armstrong koum 1930 op enger Farm, zéng Kilometer vu Wapakoneta am Ohio ewech, op d'Welt. Säi Papp Stephen war staatleche Rechnungspréifer, d'Mamm Viola war Hausfra. Ee vu sengen Urgrousspäpp huet vu Ladbergen (Nordrhein-Westfalen) gestaamt. Zanter senger Jugend, wou hie Scout bei de Boy Scouts of America war, hat hie sech fir d'Fligerei interesséiert. Hien huet Modellfliger gebastelt an hat scho mat 17 Joer eng Pilotelizenz. No der High School krut hien 1947 vun der US-Marine e Stipendium fir op der Purdue University e Studium fir Fligeringenieur ze maachen. No dräi Semester huet d'Navy hien am Januar 1949 agezunn an a Florida geschéckt. Zu Pensacola gouf hien zum Kampfpilot ausgebilt.

Vun 1950 un war den Armstrong am Koreakrich dobäi. Hien huet zum Fighter Squadron 51 (VF-51) gehéiert a war mat 20 Joer de jéngste Member vun der Eenheet, déi um Fligerdréier USS Essex stationéiert war. Vun do ass hie mat engem F9F „Panther“ am Ganzen 78 Asätz geflunn. Den 3. September 1951 gouf säi Fliger am Déiffluch duerch e Seel, dat iwwer engem Dall gespant war, beschiedegt. En Deel vum Flillek gouf dobäi ofgeschnidden, soudatt eng normal Landung net méi méiglech war. Mam Schleidersëtz huet hie sech du gerett.

Am Fréijoer 1952 koum den Armstrong vu sengem Krichasaz nees zréck an Amerika an huet d'Navy nach am selwechte Joer verlooss. Hien ass mam Studium op der Purdue University weidegefuer a krut am Januar 1955 de Bachelor an der Loftfaarttechnik. Du gouf hien Testpilot beim National Advisory Committee for Aeronautics (NACA), dem Virleefer vun der NASA, an am Summer 1955 krut en och eng Plaz als Testpilot bei der High-Speed Flight Station (HSFS) zu Los Angeles.

Bei der HSFS test den Armstrong (nieft villen anere Fligertypen) och d'Rakéitefliger Bell X-1 an North American X-15. Zéng Joer nodeem den Chuck Yeager mat der X-1 fir d'éischt d'Schallmauer duerchbrach hat, ass den Armstrong mat der „Glamorous Glennis“ geflunn. Am November 1960 hat hie säin éischte Fluch op der X-15. Déi héchst Vitesse, déi hien op dëser Maschinn erreecht hat, war Mach 5,74 (6419 km/h) am Juli 1962. Ausserdeem war den Armstrong tëscht November 1960 bis zu sengem Wiessel an de Raumfaartprogramm 1962 als Pilot fir d'X-20 virgesinn. Donieft hat den Neil Armstrong Coursen op der Universitéit vu Südkalifornien iwwer Héichvitessefliger gehalen.

Am Juni 1958 hat den Armstrong schonn zu den neien Testpilote vun der US-Loftwaff fir de Projet „Man In Space Soonest“ (MISS), der éischter US-amerikanescher Astronautegrupp gehéiert. De MISS-Projet gouf kuerz drop ofgesot, wéi d'NASA gegrënnt gouf an all Aktivitéite vun der US-amerikanescher Weltraumfaart iwwerholl huet.

NASA-Zäit[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi éischt Astronautegrupp (Mercury Seven), déi vun der NASA ausgewielt gouf, koum den Armstrong net a Fro, well hien zu deem Zäitpunkt Zivilist war an nëmme Leit vun der Arméi fir déi Grupp hunn däerften ausgewielt ginn.

Bei der zweeter Astronautegrupp koum hien awer zum Zuch a gouf de 17. September 1962 mat aacht anere Raumfuererkandidaten der Ëffentlechkeet virgestallt. An der éischter Zäit als Astronaut hat hie fir de Gemini-Programm d'Spezialgebitt vun de Simulatoren iwwerholl.

Asaz am Gemini-Programm[änneren | Quelltext änneren]

Am Februar 1965 gouf den Armstrong als Ersatzmann fir de Gordon Cooper zum Missiounskommandant vun der Gemini 5 ernannt. Hie koum net zum Asaz, war awer Koordinatiounsspriecher (Capcom). Nom Ofschloss vun deem Fluch gouf hien als Kommandant vum Fluch Gemini 8 nominéiert, deen de 17. Mäerz 1966 ugefaangen hat. Den Armstrong war domat ee vun de wéinegen Astronauten, deem d'NASA scho beim éischte Raumfluch e Kommando iwwerdroen hat. Während där Missioun hat hien a säi Pilot David Scott fir d'éischt Kéier zwee Raumgefierer am All uneneegekoppelt. Gemini 8 koum zwar staark un d'Wackelen, mä den Armstrong krut d'Lag nees ënner Kontroll, d'Missioun gouf doropshi gekierzt.

No der Landung gouf den Armstrong als Ersatzkommandant fir de Fluch Gemini 11 am September 1966 agedeelt. Bei der Missioun Gemini 9 am Juni 1966 war den Armstrong nees Capcom.

Crew-Andeelung am Apollo-Programm[änneren | Quelltext änneren]

Well den Armstrong nach am Gemini-Programm agebonne war, konnt hie net zu de sechs Kommandanten, fir déi éischt Apollo-Flich nominéiert ginn. Eréischt no der Katastrooh vun Apollo 1 an dem Doud vum Gus Grissom am Januar 1967 war hien nogeréckelt a gouf am November 1967 zum Ersatzkommandant vum drëtte bemannten Apollo-Fluch nominéiert. Domat hat hie grouss Chancen, beim sechste Fluch de Kommandant ze sinn. Well et deemools nach net kloer war, wéi vill Apollo-Testflich noutwendeg wären, stoung domat och nach net fest, ob dat e Fluch mat enger Moundlandung gi soll. Déi éischt Moundlandung war fréiestens fir déi fënneft bemannt Missioun virgesinn.

Retarde bei der Entwécklung vun der Moundlandefär hunn am Summer 1968 zu enger Ännerung vun den Apollo-Flich gefouert: den drëtte bemannten Testfluch (Missioun E) gouf gestrach, amplaz gouf e Moundfluch ouni Moundfär tëscht dem éischten an zweeten Testfluch (Missiounen C an D) agesat, deen ënner der Bezeechnung Apollo 8 gemaach gouf. Den Armstrong gouf Ersatzkommandant fir den éischte bemannte Fluch op de Mound. D'Ersatzcrew gouf als Haaptmannschaft fir den drëttnächste Fluch, Apollo 11 agedeelt. Bei engem Erfolleg vun den nächste béide Flich Apollo 9 an Apollo 10 war deen als éischte Versuch vun enger bemannter Moundlandung virgesinn.

D'Nominéierung vum Armstrong als éischte Mënsch, dee säi Fouss op d'Mounduewerfläch setze sollt, war also net vu laanger Hand virbereet. Wéi hie selwer schonn 1966 an engem Interview gesot hat: wien dëse Mënsch ass, dat entscheet eng Aart glécklechen Ëmstand ("who the person is is sort of happenstance"). D'Ëmännerung vun Apollo 8, den Erfolleg vun Apollo 9 an Apollo 10 an och den Doud vum Grissom haten dobäi eng Roll gespillt.

D'Moundlandung[änneren | Quelltext änneren]

Den Neil Armstrong wou e grad säi Fouss fir d'éischt op de Mound setzt

Während dem Training fir d'Moundlandung koum den Armstrong de 6. Mee 1968 beim Ofstuerz vun engem Moundlandungstrainingsinstrument (Lunar Landing Training Vehicle) knapps laanscht den Doud. Bei der Moundlandung mat sengem Kolleg Buzz Aldrin den 20. Juli 1969 hat hien déi manuell Steierung vun der Moundlandefär Eagle iwwerholl an hat de Lander vun de Fielsen ewech an op eng sécher Landung ëm 21:17 Auer (UTC) bruecht. Seng éischt Wierder vum Mound un d'Buedemstatioun waren „Houston, Tranquility Base here. The Eagle has landed.“ Sechs Stonnen méi spéit klëmmt hien an de fréie Mueresstonnen den 21. Juli aus der Moundlandefär. De Neil Armstrong hat den 21. Juli 1969 um 02:56:20 Auer (UTC) als éischte Mënsch d'Mounduewerfläch betrueden. Dobäi entstoung eent vun de populäerste Verspriechen an der Geschicht: Den Armstrong hat sech virgeholl, d'Wierder That's one small step for a man, one giant step for mankind (iwwersat „Dëst ass e klenge Schrëtt fir e Mënsch, e risege Schrëtt fir d'Mënschheet“) ze soen.

Fir seng Leeschtung krut den Armstrong 1969 d'Presidential Medal of Freedom.

D'Liewen no Apollo[änneren | Quelltext änneren]

1970 avancéiert den Armstrong zum stellvertriedende Leeder vum Washingtoner NASA-Aeronautikbüro. Am gläiche Joer krut hien och de Master a Loft- a Raumfaarttechnik op der University of Southern California an en Éierendoktor an Ingenieurswëssenschafte vun der Purdue Universitéit. 1971 hat hien d'NASA verlooss. Hien huet dann vun 1971 bis 1979 als Professer fir Loft- a Raumfaarttechnik op der University of Cincinnati geléiert. Duerno ass hien an d'Wirtschaft gewiesselt, wou hien Opsiichtsrotsmandate an Managementposten krut. Duerch Grënnung vun e puer Firme gouf hie Millionär. Vun 1985 bis 1986 war den Armstrong an der nationaler Kommissioun fir Raumfaart a gouf 1986 als zweete Virsëtzende an d'Ënnersichkommissioun vun der Challenger-Katastroph geruff. 1989 ass hien der Direktioun vun Thiokol, dem Hiersteller vun de Feststoffbooster vum Space Shuttle, bäigetrueden.

De 7. August 2012 goufe véier Blockaden an den Häerzkranzgefässen festgestallt, déi direkt Bypäss-Operatiounen néideg gemaach hunn.[1][2][3] Den Neil Amstrong ass de 25. August 2012 un de Follge vun där Operatioun gestuerwen.

Eegenheeten a Rekorder[änneren | Quelltext änneren]

  • Éischt Kopplung mat engem aneren Raumgefiert (Gemini 8)
  • Éischt Noutlandung vun engem Raumschëff (Gemini 8)
  • Éischte Mënsch um Mound (Apollo 11)

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Armstrong krut als éischten Astronaut d'Congressional Space Medal of Honor. 1969 bekoum hien d'Fräiheetsmedail („The Presidential Medal of Freedom“), déi héchst zivil Auszeechnung an den USA.

Am Joer 1979 gouf hien als drëtte Raumfuerer an d'National Aviation Hall of Fame opgeholl.

D'Universitéit vu Südkalifornien huet him 2005 den Éierendoktortitel zougesprach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Neil Armstrong – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Neil Armstrong – Zitater

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]