Ferenc Puskás Stadion

Vu Wikipedia
Ferenc Puskás Stadion
Plaz Budapest
Baujoer 1948 -1953
Koordinaten 47° 30’ 11.10’’ N
      19° 05’ 53.5’’ O
Kapazitéit
Total 56.000
Sëtzplazen 56.000


De Stadion vun uewen aus gesinn.

De Ferenc Puskás Stadion (fréier Népstadion) war den nationale Stadion vun Ungarn zu Budapest. Déi meescht international Foussballsmatcher um Niveau vun der UEFA an der FIFA, déi vun der ungarescher Nationalekipp bestridde ginn, goufen op dësem Terrain gespillt. De Stadion war komplett mat Sëtzplazen ekipéiert, a mat 56.000 Plazen war et de gréisste Foussballsstadion an Ungarn.

De Grondsteen fir de Stadion gouf 1948 geluecht an en ass 1953 opgemaach ginn. En ass zanter 2001 nom bekanntsten a beschten ungaresche Foussballspiller Ferenc Puskás benannt. Vun 1950 bis 1954 war déi ungaresch Nationalekipp ëm de Kapitän Puskás laang ongeschlo an ass 1952 Olympiameeschter zu Helsinki an 1953 Europameeschter ginn. De Stadion gouf 2016 ofgerappt fir mat engem neien, der Puskás Aréna, op derselwechter Plaz ersat ze ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ferenc Puskás Stadion – Biller, Videoen oder Audiodateien