Fritz Rasqué
Fritz Rasqué | |
---|---|
Gebuer |
24. Februar 1906 Rued |
Gestuerwen |
28. September 1977 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Paschtouer |
De Fréderic "Fritz" Rasqué, gebuer de 24. Februar 1906 zu Rued (Ell), a gestuerwen den 28. September 1977 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Professer an Auteur.
No sengem Secondaire, huet de Fritz Rasqué, ier en an de Seminaire goung, nach e Studium op de Cours supérieurs gemaach, wou en an der Klass vum Tony Bourg, Marcel Engel an Evy Friedrich war[2].
Hie gouf 1932 zum Geeschtleche geweit, a war vun 1939 un, Professer an der Escher Industrieschoul.[3] Well e sech als Professer net ëmmer mat Aussoe géint de Besatzer zeréckgehalen huet, war en den 23. Januar 1941 verhaft ginn an zu engem Joer Prisong verurteelt ginn. Wéi hien am Januar 1942 aus dem Prisong koum, ass hien op eng Invitatioun vum Buerschter Paschtouer hin, dohin an den Exil gaangen.
Nom Krich gouf hien du Professer an der Industrieschoul um Lampertsbierg, a Paschtouer an der Kathedral.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Édouard Molitor: "Mgr Fritz Rasqué (1906-1977)." In: Le livre d'or du lycée de garçons de Luxembourg: de l'école industrielle et commerciale au Lycée de garçons de Luxembourg, 1892-1992. - Luxembourg: LGL, 1993, S. 277-280.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Rasqué, Fritz: Bourscheid - Geschichte einer alten Pfarrei, 1944, Bourg-Bourger, Lëtzebuerg, 430 S.
- Rasqué, Fritz: Das Oesling im Krieg (onst E'sleck am Krich), 1946, Verlag Luxemburgensia, 724 S.
- Rasqué, Fritz: Propriam Nobis. Siegesoktav 1946. Verlag Luxemburgensia Luxemburg. Imprimerie du Nord, Diekirch, 1947, 145 Säiten.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau[1]
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne[1]
- Médaille de la reconnaissance nationale[1]
- Fir un hien z'erënnere gouf zu Rued eng Cité no him gedeeft, d'Cité Fritz Rasqué.