Geminiano Montanari

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geminiano Montanari

De Geminiano Montanari, gebuer den 1. Juni 1633 zu Modena, gestuerwen den 13. Oktober 1687 war en italieneschen Astronom a Lënseschläifer.

De Montanari huet Jurist zu Florenz studéiert a mécht spéider an der Universitéit Salzburg säin Ofschloss. 1662 oder 1663 zitt hien no Bologna ëm. Do mécht hien eng genee Moundkaart, woubäi hien e selwer gebautent Miessokular gebraucht huet.

Hie mécht och Observatiounen zu der Kapillaritéit an zu dem Probleemer vun der Statik an huet virgeschloen, datt d'Viskositéit vu Flëssegkeeten vun der Gestalt hirer Moleküle ofhänkt.

Bekannt gouf de Montanari duerch eng Observatioun, déi hien ëm 1667 gemaach huet. Hien huet festgestallt, datt sech d'Hellegkeet vum Algol, dem zweethellste Stär am Stärebild Perseus, periodesch verännert. Dëst Phenomen war schonns virdrun gesi ginn, awer de Montanari war deen éischten namentlech bekannten Astronom, deen doriwwer Opzeechnungen gemaach huet.

Am Joer 1669 gouf de Montanari Nofolger vum Giovanni Domenico Cassini als Astronomieprofesser op dem Observatoire vun Panzano an der Géigend vu Modena. Do war eng vu sengen Aarbechten, d'Opstellung vun engem astronomeschen Almanach.

Den 21. Mäerz 1676 huet hien dem Edmond Halley geschriwwen, datt hien ee Koméit observéiert hätt.

1679 huet de Montanari eng Lehrtätegkeet zu Padua opgeholl. Bal all Opzeechnungen aus dëser Zäit sinn verluer gaangen. Ee Bréif vun 1682 ass erhale bliwwen, an deem hien iwwer d'Observatioun vum Koméit Halley schreift. Hie schreift och iwwert d'Wirtschaft a mécht Bemierkungen iwwert d'Mënzwiesen an de Wäert vum Geld (1683).

Him zu Éiere gouf e Moundkrater Montanari genannt. D'Koordinate sinn: 45,8° südlech Breet an 20,6° westlech Längt.

Publikatiounen [änneren]

  • De motionibus naturalibus a gravitate pendentibus (1667)
  • Pensieri fisico-matematici (1667)
  • La Livella Diottrica (The Spirit Level) (1674)
  • Trattato mercantile delle monete (1680)

Um Spaweck [änneren]