Gipsgrouf Stroumbierg

Vu Wikipedia
En Agank an déi fréier Galerie vun der Gipsgrouf
Gipsgrouf Stroumbierg (Lëtzebuerg)
Gipsgrouf Stroumbierg
Gipsgrouf Stroumbierg

D'Gipsgrouf Stroumbierg si Galerien ënner dem Buedem an der Gemeng Schengen, wou an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert ënner Dag Gips ofgebaut gouf.

Lag vun der Grouf[änneren | Quelltext änneren]

D'Galerië leien am haitegen Naturschutzgebitt Strombierg am Dräilännereck bei Schengen, ronn 900 m. süd-südwestlech vum Zentrum vu Schengen, am Bësch, am Flouer An der Fiels a Routstéck. Vum Agang vun der Galerië bis op d'Grenz mat Frankräich sinn et nach ongeféier 230 m. Laanscht d'Agäng vun der Minière déi nach ze gesi sinn, lafen eng Rëtsch Wanderweeër, ë. a. de Ronnwanderwee Schengen grenzenlos / sans frontières oder de Moselle³-Trail. Beim nërdlechen Agank steet e Panneau mat Informatiounen iwwert d'Minière an de Gipsofbau.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Um Stroumbierg ass an den 1920er Joren ënner dem Schengener Jean Beissel mam Ofbau vu Gips ugefaange ginn.

Am Joer 1932 hunn d'Bridder Knauf, wéinst der gudder Gipsqualitéit, d'Gipsgrouf um Stroumbierg iwwerholl, nodeem si sech am Harz Gipsbréch ugekuckt haten. Fir si war d'Iwwerhuelen den Ufank vun enger erfollegräicher Firmegeschicht. An där Zäit hunn 20-30 Leit an zwou Schichten zu aacht Stonnen am Stroumbierg geschafft. D'Aarbechter hunn an de Galerie Lächer gebuert an dës mat Sprengstoff gefëllt. No der Sprengung sinn d'Gipsbätz da mat der Hand a Buggie gelueden an aus de Galerie gedréckt ginn. Nodeems se gewien goufen, si si iwwer e Bremsbierg mat méi grousse Weenercher an den Dall transportéiert ginn. Mam Camion oder mam Schëff huet een d'Gipsbätz op déi aner Säit vun der Musel bruecht an zu Pärel am Kallekwierk weiderverschafft.

Am Zweete Weltkrich war de Gipsofbau zäitweis ënnerbrach, wärend 1944 d'Schengener Awunner an de broochleiende Galerien dacks Schutz gesicht hunn. No Krichsenn ass d'Firma Ciments Luxembourgeois mat der Exploitatioun bis 1953 weidergefuer.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gipsgrouf Stroumbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien