Golo Mann

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich


Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Golo Mann (* 27. Mäerz 1909 zu München; † 7. Abrëll 1994 zu Leverkusen; mam richtegen Numm: Angelus Gottfried Thomas Mann) war en däitschen Historiker, Schrëftsteller a Philosoph.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Säi Liewen

[Änneren] Seng Jugend

Den Angelus Gottfried Thomas Mann, deen als klengt Kand säi verkierzte Virnumm „Gelus“ net aussprieche konnt a sech Golo genannt huet, war dat drëtt Kand vum Schrëftsteller Thomas Mann a senger Fra Katia, gebueren Pringsheim. Dësen Numm (Golo) huet hie säi ganzt Liewe bäibehal. Hien hat zwee Geschwëster, d'Erika an de Klaus, déi méi al an dräi Geschwester déi méi jonk waren:, Monika, Elisabeth a Michael.

Mat sengem Papp, dem Thomas Mann, hat hien e gespaant Verhältnis.

1923 koum hien an déi elitär Internat-Schoul op d'Schlass Salem um Bodensee, wou nei Horizonte fir hien opgaang sinn.

[Änneren] Studium a Beruff

Nom Abitur (1927)) huet hien ouni grouss Iwwerzeegung zu München ugefaang, Droit ze studéieren, mee ass gläich zu Berlin op Geschicht a Philosophie ëmgesuedelt. 1929 huet hien d'Universitéit rëm gewiesselt a koum op Heidelberg, wou hien op d'Ureegung vu sengem Professer (Karl Jaspers) parallel zur Philosophie sech an der Geschicht an am Latäin am Hibléck op eng Professur perfektionnéiert huet.

Zu Hamburg a Göttingen wollt de Golo Mann sech 1930 op de Staatsexame virbereeden. D'politesch Situatioun huet sech du lues a lues wéinst der Ausbreedung vum Nationalsozialismus, géint deen hien eng staark Ofneigung hat, verschlechtert an de Golo Mann huet sech an d'Ausland ofgesat, wéi seng Eltern dat schons virdru gemeet haten. Hie koum fir d'éischt op Bandol (Frankräich), wou och seng Eltere sech kuerz opgehal hunn.

[Änneren] Krichs- an Nokrichszäit

[Änneren] Auszeechnungen

[Änneren] Seng literaresch Tätegkeet

[Änneren] Wierker, Contributiounen

  • 1947 Friedrich von Gentz. Ullstein, Berlin 1982. ISBN 3-548-02935-3
  • 1954 Vom Geist Amerikas. Kohlhammer, Stuttgart. 2. Aufl. 1955
  • 1958 Deutsche Geschichte des 19. und 20. Jahrhunderts. Fischer, Frankfurt/Main 1992. ISBN 3-596-11330-x
  • 1964 Wilhelm II. Archiv der Weltgeschichte. Scherz-Verlag, München-Bern-Wien 1964
  • 1970 Von Weimar nach Bonn. Fünfzig Jahre deutsche Republik. Fromm Druckhaus A 1982. ISBN 3-772-95003-5
  • 1971 Wallenstein. Sein Leben erzählt von Golo Mann. Fischer, Frankfurt/Main 1997. ISBN 3-596-13654-7
  • 1986 Erinnerungen und Gedanken. Eine Jugend in Deutschland. Fischer, Frankfurt/Main 1991. ISBN 3-596-10714-8
  • 1989 Wir alle sind, was wir gelesen. Verlag der Nation. ISBN 3-373-00435-7
  • 1992 Wissen und Trauer. Historische Portraits und Skizzen. Reclam, Leipzig. Überab. Neuaufl. 1995. ISBN 3-379-01548-2
  • 1994 Vorwort zum Buch Rudolf Heß: Ich bereue nichts Hg. von Wolf Rüdiger Heß. Stocker Stocker Verlag, Graz, Stuttgart 1994. ISBN 3-702-00682-6
  • 1999 Erinnerungen und Gedanken. Lehrjahre in Frankreich, Frankfurt/Main, postum erschienen. Als Taschenbuch 2000: ISBN 3-596-14952-5
  • Golo Mann: Briefe 1932-1992. Herausgegeben von Tilmann Lahme und Kathrin Lüssi. Wallstein Verlag, Göttingen 2006. ISBN 3-835-30003-2

[Änneren] De Golo Mann a Lëtzebuerg

De Golo Mann ass zu Lëtzebuerg keen Onbekannten. Nom Zweete Weltkrich war hien a senger Eegenschaft als amerikaneschen Norichtenoffizéier zu Lëtzebuerg an huet iwwer RTL Norichtensendungen an däitscher Sprooch geleet. Als Conférencier ass hien och opgetratt.

Dat erkläert och d'Motivatioun vum Nationale Literaturzentrum vu Miersch, déi vum Februar bis Abrëll 2008, ënner dem Titel Geschichte und Geschichten, eng Austellung iwwert de Golo Mann organiséiert huet, bei där och säi Wierken zu Lëtzebuerg zur Sprooch komm ass.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools