Homo rudolfensis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Homo rudolfensis | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Homo rudolfensis | |||||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Homo rudolfensis „Alexeev“ 1986 |
|||||||||||||||||
Den Homo rudolfensis war den éischten Urmënsch. Säi Gehir war vill méi grouss wéi dat vun de Südafen. En huet sech entweder aus dem Kenyanthropus oder dem Australopithecus entwéckelt an huet am haitege Kenia a Grassavanne virun 2,5 bis 1,8 Millioune Joer gelieft.
| Gehirvolumen | 600 - 800 cm³ |
| Gréisst | geschat 1,55 m |
| Gewiicht | ? kg |
| Kascht | gemëscht |
| Handwierksgeschier | einfach, aus Steen |
Ee Mataarbechter vum Team vum Richard Leakey huet 1972 um Turkanséi a Kenia e Schiedel fonnt, deen ënnert der Nummer KNM-ER 1470 registréiert gouf a fir d'éischt dem Homo habilis zougeschriwwe ginn ass. Wéinst de groussen Ënnerscheeder zu den anere Fossille vum Homo habilis huet de Russ Walerij Alexejew 1986 virgeschloen fir d'Relikt an eng eegen Aart ëmzebenennen, den Homo rudolfensis. Et handelt sech em deen éischte Mënsch.
| Commons: Homo rudolfensis – Biller, Videoen oder Audiodateien |