Jean-Pierre Ledure

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Ledure
Gebuer 3. Februar 1795
Mäerzeg
Gestuerwen 17. Dezember 1850
Munneref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Nottär, Politiker

De Jean-Pierre Ledure, gebuer den 2. Februar oder 3. Februar 1795 zu Merzig[1] op der Saar, gestuerwen de 17. Dezember 1850 zu Munneref, war en Nottär a Politiker.

Hie war vun 1823 bis 1830 Nottär zu Altwis, wou hien d'Etüd vu sengem Papp Nicolas Ledure iwwerholl hat. Vun 1831 bis 1850 hat de Jean-Pierre Ledure seng Etüd zu Munneref, ausser 1840, wéi hien de Sëtz vu senger Etüd eng Zäit laang mat deem vum Nottär Joseph Ritter vu Gréiwemaacher senger Etüd ausgetosch hat.

Vun 1830 bis 1839 war hie Member vum Provënzialrot zu Arel.

1848 war hie Member vun der Assemblée constituante.

Vun 1830 bis 1839 a vun 1844 bis 1849 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Munneref.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsdatum: "2. Februar" nom Tanson, Lé. Chronik der "Stadt" und Gemeinde Mondorf. 1981. S. 327 - "3. Februar" no der Biographie nationale du pays de Luxembourg. Fascicule 06. S. 341 (Link). — De K. Arendt gëtt den 10. Februar 1795 un (Karl Arendt: Porträtgalerie hervorragender Persönlichkeiten des Luxemburger Landes mit biographischen Notizen, Verlag Edouard Kutter, Neioplo 1972, S. 309); dësen Datum fënnt een och am Artikel: Personnagen: Jean-Pierre Ledure. Lëtzebuerger Journal 1996 (17. Dezember), S. 9.

n]]