Jean Elias Benjamin Valz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Jean Elias Benjamin Valz.

Den Jean Elias Benjamin Valz, gebuer den 27. Mee 1787 zu Nîmes, gestuerwen den 22. Abrëll 1867 war e franséischen Astronom.

De Valz krut eng Ausbildung als Ingenieur, huet sech awer spéider zu der Astronomie higezu gefillt. Hien huet besonnesch d´Koméitebunnen observéiert an och berechent.

Am Joer 1835 huet hien d'Hypothes opgestallt, datt déi observéiert Bunnstéierunge vum Koméit Halley duerch d'Schwéierkraaftwierkung vun engem Planéit hanner dem Uranus ausgeléist gëtt. De Planéit Neptun war deemols nach net entdeckt.

U säin Haus zu Nimes hat de Valz e privaten Observatoire gebaut. Wéi hien Direkter vum Observatoire vu Marseille ginn ass, huet hien säin Haus dem jonken Astronom A. Laurent iwwerlooss, dee vun do aus den Asteroid (51) Nemausa entdeckt huet.

[änneren] Um Spaweck

(fr) Nemausensis [1]

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen