Kinnek (Spillkaart)

Vu Wikipedia
Déi véier Kinneken am angloamerikanesche Kaartespill

De Kinnek ass eng Kaart am franséischen an angloamerikanesche Kaartespill. Um franséische Spill fënnt een en R fir Roi, um angloamerikaneschen e K fir King.

Bei ville Spiller, zum Beispill beim Poker, ass dem Kinnek säi Wäert tëscht deem vun der Damm an dem Äss.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Schonn an den éischten europäesche Kaartespiller am 14. Joerhonnert gouf et am Spill 3 Billerkaarten, woubäi een de Kinnek als Zentrum vun der mëttelalterlecher Gesellschaft schonn op deenen éischte Spillkaarte fënnt. De Kinnek ass déi eenzeg Spillkaart, déi een a jiddwerengem vun de groussen europäesche Kaartespiller erëmfënnt.

D'Spillkaarte waren an där Zäit nach ganz deier an nëmmen den Adel konnt sech sou eppes leeschten. Dowéinst waren d'Spillkaarten deemools e Spigelbild vun de gesellschaftlechen, moraleschen a politesche Wäerter.

Symbolik vun de Kaarten[änneren | Quelltext änneren]

Am franséische Kaartespill steet jiddwer Kinnek am Spill fir eng historesch Perséinlechkeet.

Wärend déi allgemeng Meenung déi ass, datt déi Symbolik fir d'éischt vu franséische Kaartemoler am 15. Joerhonnert gebraucht gouf, behaapte verschidden Auteuren, zum Beispill de Roger Tilley, datt déi éischt eenheetlech Symbolik an der Zäit vum Henry VIII. an England entstanen ass.

Et war och bis zu der franséischer Revolutioun Gebrauch, datt den Numm vun der Persoun, déi vun der Spillkaart duergestallt gouf, op der Kaart stoung. Mat der Hiriichtung vum Louis XVI. an der Marie-Antoinette an dem Enn vum sougenannten Ancien Régime, sinn d'Spillkaarten anonymiséiert ginn.

Häerzerkinnek Rautekinnek Schëppekinnek Kräizerkinnek
Karel de Groussen,
Fränkesche Kinnek a réimesche Keeser
Julius Caesar,
Deen éischte réimesche Keeser
Kinnek David,
Israelitesche Kinnek a biblescht Ideal vun engem Kinnek
Alexander de Groussen
Hellenesche Kinnek dee fir säi millitärescht Genie bekannt war.

D'angloamerikanescht Spill kennt keng sou eng Symbolik. Eenzeg den Häerzerkinnek gëtt geleeëntlech Suicide King ("Selbstmäerderkinnek") genannt well et um angloamerikanesche Bild ausgesäit, wéi wann e sech e Schwäert an de Réck géif stoussen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]