Kinnek (Spillkaart)
De Kinnek ass eng Kaart am franséischen an anglo-amerikanesche Kaartespill. Um franséische Spill fënnt een en R fir Roi, um anglo-amerikaneschen e K fir King.
Bei ville Spiller, zum Beispill beim Poker, ass dem Kinnek säi Wäert tëscht deem vun der Damm an dem Äss.
[änneren] Historesches
Schonn an den éischten europäesche Kaartespiller am 14. Joerhonnert goufen et am Spill 3 Billerkaarten, woubäi een de Kinnek als Zentrum vun der mëttelalterlecher Gesellschaft schonn op deenen éischte Spillkaarte fënnt. De Kinnek ass déi eenzeg Spillkaart, déi een a jidderengem vun de groussen europäesche Kaartespiller erëmfënnt.
D'Spillkaarte waren an där Zäit nach ganz deier an nëmmen den Adel konnt sech esou eppes leeschten. Dowéinst waren d'Spillkaarten deemools e Spigelbild vun de gesellschaftlechen, moraleschen an politesche Wäerter.
[änneren] Symbolik vun de Kaarten
Am franséische Kaartespill steet jiddwer Kinnek am Spill fir eng historesch Perséinlechkeet.
Während déi allgemeng Meenung déi ass, datt déi Symbolik fir d'éischt vu franséische Kaartemoler am 15. Joerhonnert gebraucht gouf, behaapte verschidden Auteuren, zum Beispill de Roger Tilley, datt déi éischt eenheetlech Symbolik an der Zäit vum Henry VIII. an England entstanen ass.
Et war och bis zu der franséicher Revolutioun Gebrauch, datt den Numm vun der Persoun, déi vun der Spillkaart duergestallt gouf, op der Kaart stoung. Mat der Hiriichtung vum Louis XVI. an der Marie-Antoinette an dem Enn vum sougenannten Ancien Régime, sinn d'Spillkaarten anonymiséiert ginn.
| Häerzerkinnek | Rautekinnek | Schëppekinnek | Kräizerkinnek |
|---|---|---|---|
|
|
|
|
|
| Karel de Groussen, Fränkesche Kinnek a réimesche Keeser |
Julius Caesar, Deen éischte réimesche Keeser |
Kinnek David, Israelitesche Kinnek a biblescht Ideal vun engem Kinnek |
Alexander de Groussen Hellenesche Kinnek dee fir säi millitärescht Genie bekannt war. |
D'anglo-amerikanescht Spill kennt keng esou eng Symbolik. Eenzeg den Häerzerkinnek gëtt gelegentlech Suicide King ("Selbstmäerderkinnek") genannt well d'anglo-amerikanescht Bild e weist, wéi e sech schäinbar e Schwäert an de Réck stéisst.
[änneren] Um Spaweck
Zuelekaarten | Bauer | Damm | Kinnek | Äss
Faarwen am franséische Spill
♣ Kräizer (Trèfle) | ♥ Häerzer (Cœur) | ♠ Schëppen (Pique) | ♦ Rauten (Carreau)