Large Zenith Telescope
De Large Zenith Telescope (LZT) ass e Spigelteleskop mat 6 m Duerchmiesser, dat op Grond vum sengem Primäerspigel aus flëssegem Queckselwer nëmmen op den Zenit geriicht ass: en Zenitteleskop. Seng Standplaz ass am Malcolm Knapp Research Forest vun der University of British Columbia, ongeféier 70 km ëstlech vu Vancouver.
Inhaltsverzeechnes |
Flëssege Spigel [änneren]
De Priäerspigel vum LZT besteet aus flëssegem Quecksëlwer. Dëse befënnt sech an enger gläichméisseg rotéierender Schuel, sou datt et duerch Zesummespill vu Zentrifugalkraaft an Äerdunzéiung eng bal perfekt Parabelform kritt.
Fir eng méiglechst vibratiounsarm Rotatioun ass d’Schuel mat engem Loftlager gefouert; den Undriff geschitt iwwer een am Loftlager integréiertem biischtefräi Elektromotor. D’Rotatiounsvitesse gëtt heibäi duerch en opteschen Encoder erfaasst an dueerch e Regelkrees konstant gehalen. Fir Aflëss vu Loftstréimunge vun der Quecksëlweruewerfläch ewech ze halen, ass de Spigel mat enger dënner Mylarfolie ofgedeckt.
Eegeschaften [änneren]
Virdeeler vun dësem Konzept sinn déi wéineg Käschten, déi ufalen bei der Fabrikatioun vum Spigel an der Montéierung.
Nodeeler sinn, datt mat dem Teleskop nëmmen dee klengen Deel vum Himmel observéiert ka ginn, deen direkt iwwer dem Teleskop ass. Dat korrigéiert Siichtfeld huet en Ëffnungswénkel vu nëmme 24 Bouminutten. Duerch d'Äerdrotatioun gëtt dëse Beräich méi grouss; doniewent gëtt am elektroneschen (CCD) d’Bild synchron mat der Äerddréiung verréckelt, wouduerch méi laang Beliichtungszäite méiglech ginn.
Et sinn allerdéngs Konzepter entwéckelt ginn, duerch beweeglech an evtl. verformbar sekundär an tertiär Spigel d’Bildfeld op ±23° ze vergréisseren. Domat ass och eng gläichzäiteg Observatioun vun e puer Himmelsregioune méiglech.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- (en) Homepage des Large Zenith Telescope
- (en) E. F. Borra, G. Moretto, M. Wang: An optical corrector design that allows a fixed telescope to access a large Region of the sky, 1994