Op den Inhalt sprangen

Louis Pilot

Vu Wikipedia
Louis Pilot
Gebuer 11. November 1940
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 16. Abrëll 2016
Senneng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp Fola Esch,
Royal Standard de Liège,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

De Louis Pilot, gebuer den 11. November 1940 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 16. Abrëll 2016 zu Senneng[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.[2]

De Louis Pilot huet seng Karriär als Foussballspiller 1957 bei der CS Fola Esch ugefaange wou hie bis 1960 bliwwen ass wéi hie bei de Standard Léck gewiesselt huet wou hie Profi-Foussballspiller gouf. Hien ass bis 1972 bei dem Veräi bliwwen a war duerno vun 1972 bis 1975 beim Royal FC Antwerpen ier hie beim Racing Jet Bréissel vun 1975 bis 1978 seng lescht Matcher gespillt huet.[3]

Tëscht dem 11. November 1959 an dem 26. Mee 1977 huet de Louis Pilot 50-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 7 Goler geschoss.[4]

De Louis Pilot gouf 2004 vun der FLF, am Kader vum UEFA-Cinquantenaire, als beschte lëtzebuergesche Foussballspiller vun de leschte 50 Joer gewielt a koum domat op d'Lëscht vun den 52 UEFA Golden Players.

No senger Karriär als Foussballspiller war de Louis Pilot Foussballtrainer. Vum 7. Oktober 1978 bis den 9. Juni 1984 war hien Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp, déi an där Zäit 38 offiziell Matcher gespillt huet.[5] Duerno vun 1984 bis 1985 war hie beim Standard Léck, vun 1985 bis 1998 beim FC Etzella Ettelbréck vu wou hie bei den Avenir Beggen gaangen ass, wou hie bis 1990 bliwwen ass. 1990 huet hien nach bis zum Schluss vum Joer d'Etzella Ettelbréck trainéiert.[6]

Foto vun der Ekipp déi den 30. Oktober 1963 zu Rotterdam géint Holland 2-1 gewonnen huet. Uewe v.l.n.r. Jempi Fiedler, Bizzi Konter, Erny Brenner, Jim Hoffstetter, Fernand Brosius, Nico Schmitt
Ënne v.l.n.r. Bizzi Klein, Jean Klein, Camille Dimmer, Ady Schmit, Louis Pilot
Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Charles Sowa 1968 - 1969 Nicolas Koob


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Louis Pilot est décédé op wort.lu de 16. Abrëll 2016
  2. De Louis Pilot um Site 'National Foottball Teams'
  3. Dem Louis Pilot seng Carrière als Spiller op der Websäit transfermarkt
  4. d'Lëscht vun de Lännermatcher vum Louis Pilot op 'European Football'
  5. D'Lëscht vun de Lännermatcher vun der lëtzebuergescher Nationalekipp mam Louis Pilot als Trainer op der Websäit vun European Football
  6. Dem Louis Pilot seng Karriär als Foussballtrainer op der Websäit transfermarkt