Mémorial de la déportation juive (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Mémorial de la déportation juive
De Mémorial de la déportation juive
Typ Commemoratiounsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Uewerstad
Koordinaten 49°36'32,389"N, 6°7'54,710"O
Ageweit 17. Juni 2018
Material Granit
Kënschtler Shelomo Selinger
Bauhär Stad Lëtzebuerg (Verwaltung), Lëtzebuerger Staat
Zu Éiere vun Holocaust
De Shelomo Selinger virum Panneau mat den Erklärungen zum Monument

De Mémorial de la déportation juive oder Monument à la mémoire des victimes de la Shoah[1], dacks just Kaddisch Monument an der Stad ass a Monument dat vum Shelomo Selinger entworf gouf.

Am Mee 2015 krut de Selinger den Optrag vum Lëtzebuerger Staat zesumme mat der Stad Lëtzebuerg fir e Monument ze schafe fir un d'Affer vun der Shoah zu Lëtzebuerg z'erënneren[2]. D'Monument dat aus rosaem Granit aus engem Steebroch bei Louvigné-du-Désert (Bretagne) hiergestallt gouf, huet 325.000 Euro kascht a gouf zu gläichen Deeler vum Staat an der Gemeng Lëtzebuerg finanzéiert[3].

D'Monument ass de 17. Juni 2018 an der Stad, op der Plaz tëscht der Kathedral an der fréierer Sainte-Sophie, nieft dem Boulevard Roosevelt ageweit ginn[4]. D'Plaz wou d'Monument steet ass net wäit vun der Jofferegässel ewech, do wou déi éischt Stater Synagog (1823-1891) stoung.

Um Sockel vum Monument steet: „Kaddisch - Fir d'Judde vu Lëtzebuerg dei vun den Nazien ëmbruecht goufen 1940 - 1945“ (sic) agravéiert an op Franséisch: « Kaddish - Pour les juifs du Luxembourg assassinés par les nazis 1940 - 1945 ». Op der drëtter Säit ass den Text op Hebräesch an déi véiert Säit ass eidel.

D'Plaz wou d'Monument opgeriicht gouf, grad wéi de Kënschtler vum Wierk, goufe vum Israelitesche Consistoire proposéiert[2].

Am Kader vum Nationale Kommemoratiounsdag 2021 gouf a Presenz vum Kënschtler nieft dem Monument en Informatiounspanneau ageweit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mémorial de la déportation juive (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Journée de commémoration nationale. gouvernement.lu (2021-10-10). Gekuckt de(n) 2021-10-10.
  2. 2,0 2,1 Jüdischer Künstler mit Entwurf beauftragt - Denkmal soll an Holocaust-Opfer erinnern op wort.lu de 15. Mee 2015, gekuckt den 20. Dezember 2017
  3. Au Luxembourg - Un mémorial de la Shoah pour juin 2018 op wort.lu de 25. Oktober 2017, gekuckt den 20. Dezember 2017
  4. "Denkmal für die Opfer der Schoah eingeweiht." wort.lu 17.06.2018, gekuckt den 18. Juni 2018.