Maksutov (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Moundkrater Maksutov
De Moundkrater Bullialdus (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet -40,73° S
Längt -168,61° W
Duerchmiesser onbekannt
Déift 3510 m[1]
Selenographesch Längt 170° bei Sonnenopgank
Genannt nom Dmitrij D. Maksutow
(1896–1964)
Genannt am Joer 1970

De Maksutov ass en Aschlagkrater op der südlecher Hemisphär vun der Äerdmoundrécksäit a kann dofir net vun der Äerd aus gesi ginn. Hie läit süd-südwestlech vum Risekrater Oppenheimer. Am Südweste ass de Krater Nishina a west-nordwestlech zeechent sech d'Formatioun vun de matenee verbonnene Krater Davisson, Leibniz a Finsen of.

De Maksutov huet e kloer gezeechente baussenzege Rand, dee bal keng Erosioun duerch spéider Aschléi opweist. Méi opfälleg ass awer dee vu Lava iwwerschwemmte Kraterbuedem. Déi bal perfekt glat Fläch huet eng niddreg Albedo, déi fir basaltesch Lava bedeckt Fläche charakteristesch ass. Déi bannenzeg Kraterwänn variéieren an hirer Stäerkt, woubäi de schmuelsten Deel am Südoste läit, wärend virun allem déi nërdlech Deeler vill méi déck sinn.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
U 40,35° S, 171,03° W7 22 km [1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.