Mario Monti
De Mario Monti, gebuer den 19. Mäerz 1943 zu Varese (Italien) ass en italieneschen Economist a Politiker dee kenger politescher Partei ugehéiert. Hien ass zënter dem 16. November 2011 Finanzminister a Ministerpresident vun der Italienescher Republik.
De Mario Monti huet op der Wirtschaftsuniversitéit Luigi Bocconi zu Mailand zum Dokter an der Economie promovéiert ann huet e Postgraduéierten-Studium op der Yale Universitéit an den USA absolvéiert.
Hie war Professer op den Universitéite Mailand, Trient an Turin. Un der Bocconi-Universitéit war hie vun 1989 bis 1994 Recteur, duerno President bis 1999 an nees vun 2004 un.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Politik
1995 gouf hien an der Europäescher Kommissioun Commissaire fir de Bannemaart an duerno, vun 1999 bis 2004, Commissaire fir d'Konkurrenz.
Den 9. November 2011 huet den italienesche Staatspresident Giorgio Napolitano hien "Senateur op Liewenszäit" ernannt [1] an den 13. November 2011, nom Récktrëtt vum Silvio Berlusconi, chargéiert eng Iwwerganks-Regierung op d'Been ze setzen. Hie gouf de 16. November als Regierungschef vereedegt.
[änneren] Memberschaft a soss Organisatiounen
2004 bis 2008 war de Monti Member vum Conseil d'administration vum Think Tank BRUEGEL an tëschenduerch säi President. 2010 war e Matgrënner vun der Spinelli-Grupp, déi sech fir en europäesche Federalismus asetzt. Hien ass ausserdeem Member vun der Présidence vun der Bilderberg-Konferenz [2] a Member vun der Trilateral Commission.[3] Hie war Consultant fir Goldman Sachs a Coca-Cola. [4]
[änneren] Privates
De Mario Monti ass bestuet an huet zwee Kanner.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Mario Monti – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- zeit.de: Portrait (November 2011) (de)
- Frankfurter Rundschau: Portrait (November 2011) (de)
[änneren] Referenzen
- ↑ Mario Monti zum Senator auf Lebenszeit ernannt. In: Spiegel Online, 9. November 2011
- ↑ Steering Committee Bilderberg-Konferenz
- ↑ Mario Monti bei trilateral.org
- ↑ Brussels Economic Forum 2009.