Maurice Benoy

Vu Wikipedia
Maurice Benoy
Gebuer 28. Juni 1921
Stengefort
Gestuerwen 15. Juli 1987
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Graphiker, Plakatist


De Maurice Benoy, gebuer den 28. Juni 1921 zu Stengefort a gestuerwen de 15. Juli 1987 war e lëtzebuergesche Moler, Graphiker, Plakatist a Grënner vun der éischter Lëtzebuerger Publicitéitsagence.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Säi Secondaire huet hien am Iechternacher Kolléisch an an der Industrieschoul gemaach. Am Zweete Weltkrich war hien Zwangsrekrutéierten. No engem Urlaubsopenthalt zu Lëtzebuerg ass hien net méi hannescht gaangen, an huet sech verstoppt bis no der Liberatioun.

Nom Krich ass hien op Paräis Architektur an Urbanismus op d'École centrale d'architecture studéiere gaangen. No zwee Joer huet hien d'Schoul gewiesselt an huet an der École nationale supérieure des beaux-arts (ENSBA) Molerei geléiert. Wärend deene Jore war hie reegelméisseg am Atelier vum bekannte franséische Graphiker an Affichiste Paul Colin. Am Salon des indépendants ass hien 1948 mat zwou Nature morte priméiert ginn. Dat selwecht huet hie sech mat der Loulou Simonis bestuet[1].

1949 koum hien op Lëtzebuerg zeréck a war duerno eng Zäit laang Chargé de Cours an der Handwierkerschoul.

1954 huet en déi éischt Publicitéitsagence (haut: Publicité Benoy) zu Lëtzebuerg gegrënnt. Wärend Joren huet hien d'Pläng vun de Lëtzebuerger Stänn, vum Wirtschafts- an Tourismusministère, op den nationalen an internationalen Ausstellungen ausgeschafft an och Publikatioune vum Ministère illustréiert. Hien huet och jorelaang d'Plakater vun der Nationallotterie entworf.

Als Moler huet de Maurice Benoy haaptsächlech reliéis Motiver gemoolt a sech och mat der Buchmolerei beschäftegt[2].

Fräizäitbeschäftegung[änneren | Quelltext änneren]

Enn der 1940er Jore war hien och Fotoreporter, haaptsächlech am Beräich vum Sport. Zu gudder Lescht huet hie sech virun allem dem Automobilsport zougewannt. Hien huet den M.G. Car Club gegrënnt an dat éischt Biergrennen zu Bur mat organiséiert. Hie war och Matgrënner vun der Ecurie Luxembourg, vun där hie vun 1959 wärend 20 Joer President war. Am Karting war hie souguer e puermol Lëtzebuerger Meeschter. 1977 krut hie vum Sportsministère den Ordre du mérite sportif.

Seng Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1950, Ausstellung Galerie Beffa, Lëtzebuerg: Buchmolerei an Uelegbiller[2]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxembourg Ministère des affaires économiques Service d'expansion économique. (1951). Le Grand-Duché de Luxembourg produit, exporte. Luxembourg: Ministère des affaires économiques, service d'expansion économique. (fr), (en)
  • Luxembourg Ministère des affaires économiques Service d'expansion économique. (1953). The Grand Duchy of Luxembourg products, exports. Luxembourg: Ministry of economic affairs, office of economic expansion. (en)
  • Benoy, M., Krier, Tony, & Luxembourg Ministère des affaires économiques Service d'expansion économique. (1956). Grossherzogtum Luxembourg : Produktion, Ausfuhr. Luxemburg: Wirtschaftsministerium, Service d'expansion économique. (fr)(de)(nl)
  • Benoy, M., Krier, Tony, & Luxembourg Ministère des affaires économiques Service d'expansion économique. (1959). Grossherzogtum Luxembourg : Produktion, Ausfuhr. Luxemburg: Wirtschaftsministerium, Service d'expansion économique. (fr)
  • Benoy, M. (2009). Ave Maria : Goldenes Buch der Rosenkranzkönigin. Luxembourg: Maurice Benoy.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Benoy, L., Schweitzer, Lucien, & Scheiden, Paul. (2008). Maurice Benoy. Luxembourg: Lucien Schweitzer Galerie d'art.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort, 1949. Jg., nº 105, S. 1.. Digitalisiert von der Nationalbibliothek Luxemburg (15.04.1949). Gekuckt de(n) 30.01.2021.
  2. 2,0 2,1 M. Benoy. Escher Tageblatt, 1950. Jg., nº 91, S. 3. (20.04.1950). Gekuckt de(n) 30.01.2021.