Max Delbrück

Vu Wikipedia
Max Delbrück
Gebuer 4. September 1906
Berlin
Gestuerwen 9. Mäerz 1981
Pasadena
Nationalitéit Däitschland, USA
Educatioun Universitéit Göttingen
Aktivitéit Geneetiker, Universitéitsprofesser, Physiker, Virolog, Biophysiker, Astrophysiker, Molekularbiolog
Member vun Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, European Molecular Biology Organization, National Academy of Sciences
Famill
Bestuet mat Mary Adeline Delbrück
Papp Hans Delbrück
Mamm Lina Thiersch
Geschwëster Emmi Bonhoeffer
Kanner Tobias Delbruck


De Max Ludwig Henning Delbrück, gebuer de 4. September 1906 zu Berlin a gestuerwen den 9. Mäerz 1981 zu Pasadena, Kalifornien, war en däitschen, vun 1945 un US-amerikanesche Geneetiker, Biophysiker an Nobelpräisdréier. Hien huet mat dozou bäigedroen, datt Molekularbiologie erfuerscht soll ginn, an huet vum Enn vun den 1930er Joren u Physiker dozou bruecht, sech fir Biologie z'intresséieren (wat deemools streng ofgetrennten Disziplinne waren), absënns fir d'Grondlagefuerschung vun de Genen, vun deenen deemools net villes gewosst war.

Hien huet 1945 mam Salvador Luria an dem Alfred Hershey d'Phage Group op d'Bee gesat, déi en och geleet huet, an en huet sou wichteg Aspekter vun der Physiologie vun den Zelle entdeckt. Déi dräi hunn dann och 1969 zesummen den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin kritt "fir hir Entdeckungen iwwer de Vermehrungsmechanismus an d'geneetesch Struktur vu Viren"[1].

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Über die Natur der Genmutation und der Genstruktur. (mam Nicolaj W. Timoféeff-Ressovsky an dem Karl Günter Zimmer) Weidmann, Berlin 1935
  • Wahrheit und Wirklichkeit: Über die Evolution des Erkennens. Rasch und Röhring, Hamburg 1986, ISBN 3-89136-058-4
  • Die Pipette ist meine Klarinette. Originaltonaufnahmen 1954-1979, hrsg. v. Klaus Sander. Audio-CD, 65 min. supposé, Köln 2007, ISBN 978-3-932513-75-6
  • A physicist's renewed look at biology: Twenty years later. Science, 12 June, 168, 1312-1315 (1970).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • J. Cairns, G. S. Stent, J.D. Watson (Hrsg.): Phage and the Origins of Molecular Biology, CSHL Press, Cold Spring Harbor, NY, 1992, ISBN 0-87969-595-1
  • Ernst Peter Fischer: Das Atom der Biologen. Max Delbrück und der Ursprung der Molekulargeneetik. Piper, München und Zürich 1988.
  • Erhard Geißler: Drosophila oder die Versuchung. Berliner Wissenschaftsverlag 2010.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Max Delbrück – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "The Nobel Prize in Physiology or Medicine 1969", Nobel Media AB 2013, op nobelprize.org.