Milton Keynes Dons FC
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Milton Keynes Dons FC (Spëtznumm The Dons) ass en englesche Foussballveräin zu Milton Keynes am Buckinghamshire. Déi 1. Härenequippe spillt an der Saison 2008/09 an der Football League One, der drëtthéchster Spillklass am englesche Liga System, dest nodeems si 2007/08 aus der Football League Two opgestige sinn. De Veräi spillt seng Heemspiller am National Hockey Stadium.
De Veräin gouf 1889 als Wimbledon Old Centrals FC zu Wimbledon am Südweste vu London gegrënnt. Am Joer 2002 krut de Veräin vum englesche Foussballverband d'Erlaabnëss fir méi wéi 100 km no Norden op Milton Keynes ze plënneren. 1977 ass de Veräin fir d'éischt an déi véierthéchste Spillklass vum englesche Foussball komm, a bis 1986 hu se et bis an d'First Division, deemools déi héchste Spillklass gepackt. 1996 goufen se 6. an der Premier League, hir bescht Positioun am englesche Foussball. Als Wimbledon FC hu si 1988 den FA Cup gewonnen, wat de gréissten Erfolleg an der Veräinsgeschicht duerstellt.
