Mount-Stromlo-Observatoire
Den Mount-Stromlo-Observatoire (MSO; Mount Stromlo Observatory) ass eng vun den traditiounsräichsten astronomeschen Observatoire vun der südlecher Hemisphär. Et gëtt vun der Research School of Astronomy and Astrophysics der Australian National University bedriwwen a steet op dem 770 Meter héijen Mount Stromlo, ongeféier 11 km westlech vun der Haaptstad Canberra.
Den Observatoire gouf 1924 ufanks als Commonwealth Solar Observatory (CSO) gegrënnt. Schonns vu 1911 un war do e fest installéiert Teleskop. De Kuppelbau iwwer dësem Teleskop war dat éischt vun der Regierung am Australian Capital Territory opgebaute Gebai. Vun 1946 un, hunn hei Ugestellter a Studenten vun der Australian National University gefuerscht. 1957 ass den Observatoire an de Besëtz vun dëser Universitéit iwwergaangen.
Während an de 1920er an 1930er Joeren d'Sonnephysik am Zentrum vum Interessi stong, haten no dem Zweete Weltkrich d'Observatioun vu Stäre an Galaxië Prioritéit. Zu dësem Zweck gouf 1953 e Spigelteleskop mat engem Haaptspigel vun 1,88 Meter Duerchmiesser opgeriicht, dee fir iwwer 20 Joer dat gréissten Teleskop op der südlecher Hemisphär war. Wéinst der Zouhuelender Liichtverschmotzung gouf 1965 d'Siding-Spring-Observatoire als Nieweplaz vum MSO gegrënnt. De Mount Stromlo ass awer Sëtz vun der Research School of Astronomy and Astrophysics bliwwen an d'Teleskope waren och weider a Betrib.
Den 18. Januar 2003 gouf den MSO duerch e Buschfeier staark zerstéiert. Bal all Teleskope, Atelierë a Gebaier ware verbrannt. Am Joer 2004 ass mam Neiopbau ugefaange gin. Während vill Gebaier ofgerappt hu mißte ginn, konnt dat historescht Gebai vum CSO erhalen ginn. Um Mount Stromlo sollen zwéi modern Teleskope opgeriicht ginn, an am nei opgeriichtene Advanced Instrumentation and Technology Centre sollen Instrumenter fir Groussteleskope op der ganzen Welt entwéckelt a gebaut ginn.