Paul Willard Merrill
De Paul Willard Merrill, gebuer de 15. August 1887 a gestuerwen den 19. Juli 1961 war en US-amerikaneschen Astronom.
De Merrill krut säin Doktertitel op der University of California am Joer 1913. Déi gréissten Zäit vu sengem beruffleche Liewen huet hien um Mount-Wilson-Observatoire verbruecht. 1952 goung hien an d'Pensioun.
Säi Spezialgebitt war d'Spektroskopie. Domat huet hie besonnesch laangperiodesch verännerlech Stären an den interstellare Medium ënnersicht. Kuerz virun Enn vu senger berufflecher Carrière ass et him gelongen, den Technetium am verännerleche Stär R Andromedae an anere roude Verännerlecher z'entdecken. Well Technetium keng stabil Isotopen huet, huet et an all Stär wou et fonnt gouf, eréischt kierzlech musse produzéiert gi sinn. Domat konnt hien de Beweis vum S-Prozess vun der Nukleosynthese untrieden.
Éierungen [änneren]
Auszeechnungen
- Henry Draper Medal vun der National Academy of Sciences (1945)
- Bruce Medail vun der Astronomical Society of the Pacific (1946)
- Henry Norris Russell Lectureship vun der American Astronomical Society (1955)
No him benannt
- Merrill-Krater um Äerdmound