Radiogalaxis

Vu Wikipedia

Eng Radiogalaxis zeechent sech vis-à-vis vun anere Galaxien duerch hir ongewéinlech staark Radiostralung aus. Energiequell vun där Radiostralung ass en aktive galaktesche Kär.

Radiogalaxië gehéiere meeschtens zu den optesch hellste Galaxien a si gewéinlech elliptesch Galaxien oder S0-Galaxien. Trotzdeem kann hir Stralungsleeschtung am Radiosberäich déi am siichtbare Spektralberäich iwwertreffen. An normale Galaxien ass d'Radiostralung méi schwaach wéi dat siichtbaart Liicht.

D'Radiostralung vu ville Radiogalaxië kënnt aus zwee meeschtens symmetreschen Emissiounsgebidder, déi mat bis zu villen Mpc vill méi grouss si wéi d'siichtbar Galaxis. Bei geneeën Observatioune sinn déi heiansdo duerch dënn Matièrestralen (engl. Jets) mat dem Galaxiëkär verbonnen. D'Energiequell vu Radiogalaxien ass e masseräicht schwaarzt Lach am Galaxiëkär, dat engersäits Matière opsaugt, awer och a senger Géigend ioniséiert Matière op Vitess vu bal Liichtvitess eropsetzt, Magnéitfelder ausléist an an de Matièrestralen auswërft. D'Radiostralung entsteet duerch Synchrotronstralung an de Matièrestralen an de Gebidder, an deene si op dat intergalaktescht Medium optreffen.

Trotz hirer grousser Distanz gehéiere munnech Radiogalaxien zu de schäinbar hellsten a fir d'éischt entdeckte Radioquellen um Himmel, déi nach nom Stärebild genannt sinn an deem si fonnt goufen. Beispill si Virgo A (Messier 87) an Cygnus A. Déi Radiogalaxis, déi eis am nooste steet, ass Centaurus A (NGC 5128) um Südhimmel.

Laang waren déi eenzeg vun de geneeën Observatiounen zougänglechen Galaxien am wäiten Universum bei Routverrécklungen iwwer 1 Radiogalaxis. Duerch hir Radiostralung konnte si ënner villen aneren, am siichtbare Liicht schwaach Objeten, identifizéiert ginn an anescht wéi bei Quasare gëtt d'Galaxis am siichtbare Liicht net duerch hire Kär iwwerstralt.

D'Emissioun vu Radiogalaxië kann dozou benotzt gi fir dat intergalaktescht Magnéitfeld ze bestëmmen, dat vum Matièrewand an de Raum gedroe gëtt.

Commons: Radiogalaxien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Andrzej G. Pacholczyk: Radio galaxies. Pergamon Press, Oxford 1977, ISBN 0-08-021031-7.
  • H. J. A. Röttgering: The most distant radio galaxies. North-Holland, Amsterdam 1999, ISBN 90-6984-238-6.
  • Philip E. Hardee: Energy transport in radio galaxies and quasars. Astronomical Society of the Pacific, San Francisco 1996, ISBN 1-886733-21-X.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]