Reichstagsgebai

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Reichstag (Gebai))
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola filesystems folder home.png Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Reichstag zu Berlin, vu Weste gesinn, viru Sonnenënnergank

D'Reichstagsgebai zu Berlin (dacks vereinfacht: de Reichstag genannt) gouf vun 1884 bis 1894 no de Pläng vum Paul Wallot am Stil vun der italienescher Héichrenaissance gebaut.

An der Weimarer Republik war en de Sëtz vum Parlament vum Däitsche Räich ("Tag" heescht souvill wéi "Versammlung"). 1933 huet e Feier grouss Deeler vum Gebai zerstéiert. D'Nazien hunn d'Kommunisten dofir verantwortlech gemaach, mä et ass unzehuelen, datt si e selwer ugestach hate, fir e Pretext ze hunn, géint d'Kommunistesch Partei virzegoen.

Während dem Zweete Weltkrich 1945 gouf d'Gebai, dat souwisou net méi benotzt gouf, nach méi staark zerstéiert. Nom Krich louch et am westleche Secteur, direkt un der Zone-Grenz. D'Berliner Mauer ass direkt hannendru verlaf. Den Erëm-Opbau huet bis 1970 gedauert. Mä d'Gebai gouf kaum benotzt, well d'Westdäitsch Haaptstad (an domat de Sëtz vum Bundestag, dem däitsche Parlament), zu Bonn war an d'Véiermuechten-Ofkommes et net erlaabt huet datt de Bundestag do zesummekéim. Sou goufe just geleeëntlech Fraktiounsversammlungen do ofgehalen, an e Musée mat enger Ausstellung iwwer déi däitsch Geschicht war dran ënnerbruecht.

No der däitscher Vereenegung huet de Bundestag den 20. Juni 1991 dofir gestëmmt, d'Haaptstad vu Bonn op Berlin ze plënneren. Vun 1994 u gouf d'Gebai no de Pläng vum Architekt Norman Forster ëmgebaut a moderniséiert. 1995 gouf et vun der Kënschtlerkoppel Christo a Jeanne-Claude komplett 'agepaakt'.

Zanter 1999 ass en de Sëtz vum Däitsche Bundestag.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Reichstagsgebai – Biller, Videoen oder Audiodateien