Richard Joseph Courtois

Vu Wikipedia

De Richard Joseph Courtois, oder Richard-Joseph, gebuer de 17. Januar 1806 zu Verviers a gestuerwen de 14. Abrëll 1835 zu Léck, war e belsche Botaniker.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Richard Joseph Courtois war als eent vun 13 Kanner op d'Welt komm. Säi Papp war en Duchfabrikant zu Verviers. Mat 4 Joer ass de Courtois an eng kleng lokal Schoul komm an huet liese geléiert. En huet 1811 de Botaniker Alexandre Louis Simon Lejeune (1779-1858) getraff, deen e gefërdert a fir d'Botanik begeeschtert huet. De Courtois ass mam Lejeune senger Ënnerstëtzung an de Lycée gaangen an huet ee Joer drop de "prix du drapeau" kritt.

Dunn ass hien an de Lycée zu Léck geschéckt ginn. E war en exzellente Schüler an huet mat 14 Joer mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum räiche Wollhändler Génin säi Studium zu Léck ugefaangen. De Professer Bernard-Ignace Denzinger (1782-1862) huet en A op de Courtois geworf an en ënner seng Fittiche geholl. Nodeems en den Ofschloss "candidat en médecine" krut, ass e Chef vun der Clinique interne am Hôpital de Bavière[1] zu Léck ginn. Wärend där Zäit huet e sech fir d'Botanik intresséiert. 1821 huet de Courtois beim ëffentleche Concours vun der Universitéit zu Gent matgemaach an d'Goldmedail kritt, andeems en op follgend Fro geäntwert huet: On demande une exposition succincte de nos connaissances actuelles sur l'origine, la situation, la structure et la fonction des organes servant à la propagation chez les plantes phanérogames.

Den 20. Juni 1825 huet hie mat Auszeechnung an der Medezin mat senger Dissertatioun Conspectus topographiae physico-medicae provinciae Leodiensis promovéiert. Gläichzäiteg huet hie weider mam Lejeune am Beräich vun der Botanik geschafft an zesumme mat him eng Flora vun der Belsch (Choix des plantes de la Belgique) geschriwwen. Dem Richard Joseph Courtois seng Ofkierzung als Auteur vu Planzennimm ass Courtois[2] De Courtois huet dofir botanesch Exkursiounen an alle Géigende vun der Provënz Léck gemaach a genuch Donnéeë gesammelt fir 1828 d'Recherches sur la statistique physique, agricole et médicale de la province de Liége ze publizéieren. An där Publikatioun geet et ëm d'Geographie, d'Geologie, d'Mineralogie, d'Moueren, d'Waasserquellen, d'Flora an d'Fauna, d'Meteorologie, mä awer och d'physesch a moralesch Constitutioun vun den Awunner, d'Hygiène, d'Krankheeten, d'Epidemien, d'Spideeler, etc. vun der Provënz Léck.

E gouf den 1. Dezember 1825 Sous-Direkter vum botanesche Gaart vun der Universitéit vu Léck. Am Joer 1827 hunn de Courtois an de Lejeune de Compendium Florae belgicae geschriwwen. 1828 huet e sech a sengem Heemechtsduerf bestuet. Well seng Pai fir seng Famill net duergaangen ass, huet en zwee Bicher vu bekannten däitsche Medezinner iwwersat (ënner anerem vum Johann Baptist Friedreich (1796-1862)) fir als Medezinner bekannt ze ginn. An där Zäit ass en u Longentuberkulos erkrankt.

De 4. Abrëll 1830 huet de Courtois zesumme mam Gäertner Lambert Jacob-Makoy (1790-1873) d'Société royale d'horticulture de Liège gegrënnt där hiren éischte President den Henri Gaëde gouf.

Bei enger Neiuerdnung vun der Universitéit vu Léck am Joer 1830 huet de Courtois kandidéiert fir dem Henri Gaëde (1796-1834) seng Plaz ze kréien, deen ënner anerem Botanik enseignéiert huet. De Gaëde huet awer e puer Deeg drop seng Plaz erëm iwwerholl. Nodeems de Gaëde den 2. Januar 1834 gestuerwen ass, huet d'Regierung verschidde Professere genannt fir de Gaëde z'ersetzen, ënner anerem och de Courtois. En hätt solle Professer vun der Botanik ginn, mä en ass de 14. Abrëll 1835 fréizäiteg gestuerwen.

De Courtois gouf um Kierfecht vu Robertmont begruewen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

De 17. Januar 1835 gouf e Membre correspondant vun der Académie royale des sciences et belles-lettres de Bruxelles.

1833 gouf e Member vun der Academia Caesarea Leopoldino-Carolina Naturae Curiosorum. E war Member vun der kinneklecher Gesellschaft fir Landwirtschaft a Botanik zu Gent, vun der Flora-Gesellschaft vu Bréissel a vun der Gäertnereigesellschaft zu Antwerpen. E war Sekretär vun der kinneklecher Gäertnereigesellschaft zu Léck.

De Richard Joseph Courtois a Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

A senger Publikatioun Verslag van een plant- en landbouwkundig Reisje, gedaan in Julij 1826, langs de oevers de Maas, van Luik naar Dinant, in de Ardennes en het Groothertogdom Luxemburg [3] schreift de Courtois vu senger Rees am Juli 1826 déi en ënner anerem op Lëtzebuerg gefouert huet [4].

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bronn, M. & R. J. Courtois, 1827. Verslag van een plant- en landbouwkundig Reisje, gedaan in Julij 1826, langs de oevers de Maas, van Luik naar Dinant, in de Ardennes en het Groothertogdom Luxemburg. Bijdragen tot de natuurkundige Wetenschappen 2: 450–479. J. van der Hey en Zoon. Amsterdam.
  • Courtois, R. J., 1823. Responsio ad quaestionem botanicam ab ordine matheseos et philosophiae naturalis in academia Gandavensi anno 1821 propositam: Queritur concinna expositio eorum, quae de organorum propagationi inserventium phanerogamicarum ortu situ fabricâ et functione innotuerunt. Annales academiae Gandavensis 5 : 113. Goesin-Verhaeghe.
  • Courtois, R. J., 1825. Conspectus topographiae physico-medicae provinciae Leodiensis.
  • Courtois, R. J., 1827. Beschrijving van twee plantaardige miswassen. Bijdragen tot de natuurkundige wetenschappen 2 : 226-227. J. van der Hey en Zoon. Amsterdam.
  • Courtois, R. J., 1828. Recherches sur la statistique physique, agricole et médicale de la province de Liége. 3 vol. Ch Beaufays. Verviers.
  • Courtois, R. J., 1828. Traduction du Mémoire sur la dysenterie, par le professeur Friedereich de Wurzbourg. s.n. Liège.
  • Courtois, R. J., 1828. Traduction du Mémoire sur l'auscultation appliquée à la grossesse, par G.- S. Haus, D. M. à Wurzbourg. s.n. Liège
  • Courtois, R. J., 1829. Mémoire sur la population des villes de la province de Liége. s.n.
  • Courtois, R. J., 1829. Overzigt van de minerale wateren en warme bronnen van het Nederland en een gedeelte van Pruissen. Bijdragen tot de natuurkundige wetenschappen 4 : 19-35. J. van der Hey en Zoon. Amsterdam.
  • Courtois, R. J., 1832-1833. Magasin d'horticulture. Collardin. Liège.
  • Courtois, R. J., 1833. Commentarius in Remberti Dodonaei pemptades. Nova acta physico-medica Academiae caesareae Leopoldino-Carolinae 17 : 4.
  • Courtois, R. J., 1835. Mémoire sur les tilleuls d'Europe. Nouveaux mémoires de l'Académie Royale des Sciences et Belles-Lettres de Bruxelles 8 : 1-18. M. Hayez. Bruxelles.
  • Lejeune, A.L.S., Courtois, R. J. 1825-1830. Choix des plantes de la Belgique. 20 vol.
  • Lejeune, A.L.S., Courtois, R. J. 1826. Mémoire sur les renonculacées de la flore belge. Bulletin des sciences naturelles et de géologie 2 : 98. Firmin Didot.
  • Lejeune, A.L.S., Courtois, R. J. 1827. Verhandeling over de Renunculaceae der Nederlandsche Flora. Bijdragen tot de natuurkundige wetenschappen 2 : 69-110. J. van der Hey en Zoon. Amsterdam.
  • Lejeune, A.L.S., Courtois, R. J. 1828-1836. Compendium Florae belgicae. Collardin.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lefort, F.L., 1950. Contribution à l'histoire botanique du Luxembourg (av. 18 planches). Bull. Soc. Nat. luxemb. 54: 31-160. (PDF 6781 KB)
  • Dewalque, G. 1873. Courtois (Richard-Joseph). Biographie Nationale de Belgique 4: col. 431-435. Thiry. Bruxelles. (PDF)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. https://fr.wikipedia.org/wiki/H%C3%B4pital_de_Bavi%C3%A8re
  2. Cf. http://www.ipni.org/ipni/advAuthorSearch.do?find_abbreviation=Courtois
  3. Cf. Bronn & Courtois 1827 an der Literatur.
  4. Cf. Lefort 1950 an der Literatur.