Richard Christopher Carrington
De Richard Christopher Carrington, gebuer de 26. Mee 1826 zu Chelsea a gestuerwen de 27. November 1875 zu Redhill, England war e briteschen Astronom.
Inhaltsverzeechnes |
Liewen a Carrière [änneren]
De Carrington war dräi Joer Assistent beim Chevallier zu Durham an hat spéider säin eegenen Observatoire zu Redhill gebaut, wou hien 1854 Zirkumpolarstäre erfuerscht huet. Doriwwer eraus hat hien och d’Sonn ënnersicht, ugereegt duerch dem Samuel Heinrich Schwabe seng Entdeckung vum Zesummenhank tëschent der Period vun de Sonneflecke an dem Äerdmagnéitismus. Am Joer 1859 entdeckt de Carrington d’Sonneneruptioune vun der Sonn. Dat geleegentlech no Carrington genannte solar Wäissliicht-Evenement vum 1. September 1859 ass awer onofhängeg och vum Richard Hodgson observéiert ginn. 1863 entdeckt de Carrington déu differentiell Rotatioun vun der Sonn. Säi Stärekatalog war e wichtege zäitgenëssege Beitrag zu der Erfuerschung astronomescher Objete.
Auszeechnunge [änneren]
- 1859 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.
- 1935 gouf e Moundkrater no him genannt. (Krater Carrington)
Wierker [änneren]
Literatur [änneren]
- John North: Viewegs Geschichte der Astronomie und Kosmologie. Springer, Berlin; Auflage: 1 (10. Januar 2001), ISBN 978-3-540-41585-5
Um Spaweck [änneren]
- A Super Solar Flare nasa.gov, ofgeruff de 24. Juni 2011