Rivaner
Rivaner (fréier: Riesling-Sylvaner, dt: Müller-Thurgau) ass eng Wäisswäin Riefzort, déi zënter ongeféier 1925 op der Lëtzebuerger Musel ugebaut gëtt.
D'Riefzort geet op eng Kräizung zréck, déi vum Hermann Müller aus dem Schwäizer Kanton Thurgau gemaach gouf. D'Riefzort, déi aus dem Sämling 58 erfirgaange war, sollt eng Kräizung tëschent Riesling a Sylvaner sinn, a gouf duerfir Riesling-Sylvaner genannt.
Si gouf 1913 ëmbenannt a Müller-Thurgau, wéi en an Däitschland komm ass.
Ënnersichunge vum Ferdinand Regner vum Lehr- und Forschungszentrum Klosterneuburg an der Eva Zyprian vum Institut für Rebenzüchtung Geilweilerhof hu festgestallt datt d'Riefzort aus enger Kräizung tëschent Riesling a Madeleine Royale ervirgaangen ass.
Weltwäit gëtt de Müller-Thurgau op bal 45 000 ha (1999) ugebaut, dovunner ronn 17 300 ha an Däitschland.
Inhaltsverzeechnes |
Eegeschaften [änneren]
De Wäin, deen aus der Rivanerdrauf gemaach gëtt huet en niddregt Oechslegewiicht an ass duerfir e liichte blummege Wäin, deen dacks als einfachen Dëschwäin oder am Café gedronk gëtt.
Lëtzebuerg [änneren]
Am Joer 2011 sinn op der Lëtzebuerger Musel 336,98 ha Rivaner ugebaut ginn.[1]
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Donnéeë vum Institut viti-vinicole 2011 (Link op pdf-Dokument)