Robert Musil

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Robert Musil war en éisträichesche Schrëftsteller. Hie gouf de 6. November 1880 zu Klagenfurt (Kärnten) an Éisträich gebuer; hien ass gestuerwen de 15. Abrëll 1942 zu Genf an der Schwäiz duerch en Hireschlag.

De Robert Musil war fir d'éischt Maschinnebau-Ingenieur, wéi säi Papp, den Alfred Musil, deen 1891 Professer op der Technescher Héischschoul zou Brünn war, an 1917 geadelt gouf. 1905 publizéiert de Robert Musil säin éischte Roman : Die Verwirrungen des Zöglings Törleß. Duerno studéiert hie Psychologie a Philosophie zu Berlin, a promovéiert do 1908 mat enger Thes an der Philosophie iwwer d'Wëssenschaftstheorie vum Ernst Mach. Säin Haaptwierk - Der Mann ohne Eigenschaften - gëtt haut zu deene wichtegsten Wierker vum 20. Joerhonnert gerechent nieft der Recherche du temps perdu vum Marcel Proust, dem Ulysses vum James Joyce, an dem Zauberberg vum Thomas Mann. Leider huet seng literaresch Aktivitéit him trotz engem gewëssen Erfolleg ni eng finanziell sécher Situatioun garantéiert.

No senger Auswanderung an d'Schwäiz ass hie lues a lues vergiess ginn, an hien ass an zimlech aarme Verhältnesser gestuerwen. Mat senger Fra hat hien zanter 1934 bal ausschliisslech vum "Robert Musil-Fonds" gelieft, dee vum Fürst Jan Otto Pächt zu Wien gegrënnt gouf. 1943 huet dem Robert Musil seng Fra, d'Martha Musil (Marcovaldi) den drëtte Band vum Mann ohne Eigenschaften als Nachlass erausginn. De 24. August 1949 stierft d'Martha Musil zu Roum.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1906 : Die Verwirrungen des Zöglings Törless
  • 1911 : Vereinigungen. Zwei Erzählungen
  • 1921 : Die Schwärmer. Schauspiel in drei Aufzügen.
  • 1923 : Grigia. Novelle.
  • 1923 : 1923 Die Portugiesin.
  • 1924 : Drei Frauen
  • 1926 : Vinzenz und die Freundin bedeutender Männer. Possen in drei Akten.
  • 1927 : Rede zur Rilke Feier in Berlin am 16. Januar.
  • 1930 : Der Mann ohne Eigenschaften Roman, Buch Einz, 1. und 2. Teil.
  • 1933 : Der Mann ohne Eigenschaften. Roman, Buch Einz, 3. Teil.
  • 1936 : Nachlaß zu Lebzeiten
  • 1937 : Über die Dummheit. Vortrag.
  • 1943 : Der Mann ohne Eigenschaften, postum Fragmenter vu senger Fra erausginn.
  • 1980 : Beitrag zur Beurteilung der Lehren Machs und Studien zur Technik und Psychotechnik.
  • 1981 : Briefe
  • 1981 : Gesammelte Werke, 9 Bänn, erausgi vum Adolf Frisé, Reinbek bei Hamburg, Rowohlt Verlag.
Vol. 1-5 : Der Mann ohne Eigenschaften.
Vol. 6 : Prosa und Stücke.
Vol. 7 : Kleine Prosa. Aphorismen. Autobiographisches.
Vol. 8 : Essays und Reden.
Vol. 9 : Kritik. Literatur-Theater-Kunst 1912-1930.
  • 1981 : Briefe 1901-1942. 2 Bänn, erausgi vum Adolf Frisé. Reinbek bei Hamburg, Rowohlt Verlag.
  • 1983 : Tagebücher, 2 Bänn, erausgi vum Adolf Frisé. Reinbek bei Hamburg, Rowohlt Verlag.
  • 1992 : Der literarische Nachlaß,erausgi vum Friedbert Aspetsberger, Karl Eibl an Adolf Frisé, Reinbek bei Hamburg, Rowohlt Verlag.

Franséisch Iwwersetzungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Les Désarrois de l'élève Törless, aus dem Däitsche vum Philippe Jaccottet, Points Seuil, 1980.
  • Journaux, aus dem Däitsche vum Philippe Jaccottet, Seuil, 1981.
  • L'Homme sans qualités, aus dem Däitsche vum Philippe Jaccottet, Points Seuil, 1982.
  • Trois femmes, Noces, aus dem Däitsche vum Philippe Jaccottet, Points Seuil, 1983.
  • Essais, conférences, critique, aphorismes, réflexions, textes choisis, aus dem Däitschen, a mat enger Introduktioun vum Philippe Jaccottet, no der Editioun vum Adolf Frisé, Seuil, 1984.
  • Théâtre: Les Exaltés, Vincent et l'amie des personnalités, Prélude au mélodrame "Le zodiaque" , aus dem Däitsche vum Philippe Jaccottet, Seuil ("Le don des langues"), 1985.
  • Pour une évaluation des doctrines de Mach, aus dem Däitsche vum Michel-François Demet, Presses Universitaires de France, 1985.
  • Lettres choisies, aus dem Däitschen, a mett enger Introduktioun vum Philippe Jaccottet, no der Editioun vum Adolf Frisé, Seuil ("Le don des langues"), 1987.
  • Oeuvres pré-posthumes, aus dem Däitschen vum Philippe Jaccottet, Points Seuil, 1990.
  • Proses éparses, aus dem Däitschen a mat enger Introduktioun vum Philippe Jaccottet, no der Editioun vum Adolf Frisé, Points Seuils, 1991

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert Musil – Biller, Videoen oder Audiodateien