Route impériale 3

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Route impériale 3
(Paräis-Hannover)
Land Frankräich
Belsch
Holland
Däitschland
Längt 631 km

D'Route impériale 3 war eng vun de véierzéng franséische Routes impériales 1. Klass déi mam keeserlechen Dekreet vum 16. Dezember 1811 geschaf goufen. Si huet Paräis mat Hannover iwwer Léck, Maastricht a Münster verbonnen. Hannover war wéinst dem Napoleon senger Englandpolitik eng strateegesch Plaz. Hannover war den 13. Dezember 1810 annektéiert ginn a gouf bei dat kuerzliewegt Kinnekräich Westphalen geprafft dat vum Jérôme Bonaparte regéiert gouf.

De 5. Mäerz 1813 gouf mat engem ministerielle Reglement d'Streck geännert an de kniwwelege Wee tëscht Soissons a Givet gouf mat méi enger riichter Streck iwwer Vervins an Hirson op Givet ersat.

Nom Enn vum Empire gouf aus der keeserlecher Strooss, eng kinneklech, mä ausser dem Deel duerch Givet blouf net méi vill Rescht an den Deel tëscht Vervins an Hirson ongeféier 18 km war ni fäerdeggebaut ginn. Well s'all strateegesche Wäert verluer hat, gouf se 1824 aus der Nomenclature vun de kinnekleche Stroosse gestrach. 1933, gouf se als Nationale 363 tëscht Vervins an Hirson fäerdeggebaut fir 1970 op eng Departemetale als D963 zeréckklasséiert ze ginn. No Hirson féiert se haut als D3050 bis op d'belsch Grenz bei Macquenoise