Op den Inhalt sprangen

Eurasesch Runn

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Runn)
Eurasesch Runn
Europäesch Runn (Vespa crabro)

Europäesch Runn (Vespa crabro)
Europäesch Runn (Vespa crabro)
Aner Sproochen: de: Hornisse
fr: frelon européen
en: European hornet
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Ënnerklass Fluchinsekten
Uerdnung: Hymenoptera
Ënneruerdnung: Taillenharespelen
Famill: Falenharespelen (Vespidae)
Ënnerfamill: Harespelen
Gattung: Runnen
Wëssenschaftlechen Numm
Vespa crabro
L. 1758

D'Eurasesch Runn, Vespa crabro, gehéiert zu deene gréissten Falenharespelen, déi a Mëtteleuropa liewen.

Op Lëtzebuergesch huet d'Eurasesch Runn e ganze Katalog vun Nimm, déi hei an der Originalschreifweis vum Klees zitéiert ginn:[1] Bless (Kanech), Drëun, Dusch; déck, gëfteg, grouss Vesper, déck Horespel, Harles (Süden), Hara(a)spel, Har(r)ujhel, Hesper, déck Fesper, Hora(a)ss, Huesch (Veianen), Hujhel, Humm (Fiels), Hunsch(el), Hu(u)sch, Kelterhaangelisch, Kinnek, Nainaangel, Näimäerder, Päerdshoarespel, Ronsch, Rumm, Runsch, Runn(ebei), Runnert, Stoaraspel, Tunsch (Munneref), wëll Väsper, rose Bei.

D'Kierperlängt vun der Kinnigin ass bis 35 mm, déi vun den Aarbechtsrunne 16 bis 25 mm an déi vun de männleche Runnen 20 bis 28 mm. D'Runne liewen a Staaten, déi ee Joer halen.

D'Eurasesch Runne bauen hir Näschter op Späicheren, ënner Diech oder a Bamhielen. Méi seele benotzte Plaze si Vullenhaisercher oder Beiestäck[2]. D'Näschter bestinn aus alem Holz dat zerknat a mam Spaut gebonne gëtt.

Am Fréijoer formt d'Kinnigin e Still, si mécht den Ufank. Duerno hänkt si Woben dru fir déi éischt Eeër ze leeën. An all eenzel Wob gëtt en Ee geluecht.

D'Larve brauchen dann zwou Woche bis se gewuess sinn. Da verpoppt d'Larv sech. No weideren zwou Woche klëmmt d'Runn aus der Popp eraus. Déi éischt Aarbechtsrunne bauen da weider Woben. Sou geet et dann no an no weider bis d'Nascht ëmmer méi fest a méi grouss gëtt. Am spéide Summer ass d'Nascht da fäerdeg a kuerz drop stierft d'Vollek. Iwwereg bleiwe just déi jonk Kinniginnen.

Runn, déi eng Bei gefaangen huet
  • Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.
  • Schneider, N., 2017. Nids d'hyménoptères aculéates remarquables observés de 2012 à 2016 au Luxembourg et en Lorraine proche (Insecta, Hymenoptera, Aculeata). Bull. Soc. Nat. luxemb. 119: 145-148. PDF 2.74 MB
Commons: Europäesch Runn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Cf. Klees 1981: 18-19 an der Literatur.
  2. Cf. z. B. Schneider 2017: 146 an der Literatur.