Schëld D, 5a

Vu Wikipedia
Schëld D, 5a
Obligatoresche Wee fir Vëlosfuerer a Foussgänger (getrennt)
Bezeechnung D, 5a
Kategorie Verkéiersgebuetsschëld
Land Lëtzebuerg


D'Schëld D, 5a ass e Verkéiersgebuetsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat uweist, datt de Wee wou d'Schëld steet fir Vëlosfuerer a Foussgänger reservéiert ass an datt déi anere Benotzer en net benotzen däerfen. D'Vëlosfuerer an d'Foussgänger mussen dëse Wee benotze wann dee laanscht eng Strooss oder e Wee fir Reider féiert a wann deen an déi selwecht Richtung geet. Dës Obligatioun zielt net fir Cyclisten am Kader vun engem Sportstraining.

D'Schëld D,5a weist de Vëlosfuerer an de Foussgänger och nach un, datt se dee fir si reservéierten Deel vum Wee benotze mussen an datt se net d'Recht hu fir den aneren Deel ze benotzen. D'Symboler weisen u wat fir en Deel vum Wee vu wiem benotzt muss ginn; d'Symboler kënnen ëmgedréint sinn. D'Vëlosspuer an de Wee fir Foussgänger musse mat engem wäissen duerchgezunne Stréch oder engem Belag deen eng aner Faarf oder Struktur huet vunenee getrennt sinn.

Originaltext aus dem Code de la Route[änneren | Quelltext änneren]

„5a. Chemin obligatoire pour cyclistes et piétons - Le signal D,5a indique que le chemin à l'entrée duquel il est placé est réservé aux conducteurs de cycles et aux piétons et que les autres usagers n'ont pas le droit de l'emprunter. Les conducteurs de cycles et les piétons doivent emprunter ce chemin, si celui-ci longe une chaussée ou un chemin pour cavaliers et va dans la même direction. Cette obligation ne s'applique pas aux conducteurs de cycles qui circulent dans un contexte d'entraînement sportif.
Le signal D,5a indique en plus aux conducteurs de cycles et aux piétons qu'ils doivent emprunter la partie du chemin qui leur est réservée, et qu'ils n'ont pas le droit d'emprunter l'autre partie. Les symboles indiquent la partie du chemin qui doit être empruntée par la catégorie d'usagers représentés; ils peuvent être inversés. La voie cyclable et le chemin pour piétons doivent être séparés soit par l'application d'une ligne blanche continue, soit par des revêtements de couleurs ou de structures visiblement différentes“

Artikel 107 – IV. Signaux d'obligation[1]

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Schëld D, 5b: Obligatoresche Wee fir Vëlosfuerer a Foussgänger zesummen
  • Schëld F, 20a: Recommandéierten, getrennte Wee fir Vëlosfuerer a Foussgänger

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Verkéiersgebuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, am Code de la route - Recueil de législation routière