Schlass Käerch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pahyl Hrad.PNG Dësen Artikel iwwert eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Waasserbuerg Käerch, genannt Gréiveschlass 2010

D'Ruin vum Käercher Schlass, och nach Gréiveschlass genannt, steet an der Uertschaft Käerch, um rietsen Uwänner vun der Giewelerbaach, déi fréier de Waassergruef gefëllt huet. De Veräi Käercher Schlassfrënn ass 1993 gegrënnt gi mat den Ziler, d'Schlassruin z'erhalen a Fester am a ronderëm d'Gréiveschlass z'organiséieren.

Geschicht [änneren]

Dat éischt Dokument dat bekannt ass, an deem d'Buerg vu Käerch ernimmt gëtt ass vum 6. Februar 1295. An deem erkläert de Ritter Johann vun Aansebuerg dat hie säi Besëtz zu Käerch dem Här vun Useldeng als ierfleche Buergfief géif iwwerginn.[1] Wéi de Johann vun Aansebuerg an de Besëtz vun der Buerg koum kann net méi novollzu ginn. D'Dokumentation iwwer déi Aansebuerger kann nëmme bis 1238 zréckverfollegt ginn.

Den Numm Gréiveschlass, krut d'Gebai, wéi de Lambert-Joseph de Marchant, Här vun Aansebuerg d'Buerg ëm 1738 kaaft huet. Den 1. Oktober 1749, gouf hie vun der Keeserin Maria Theresia als Grof ernannt. Vun do u krut d'Buerg den Numm Gräfen- oder och Grevenschloss.[2]

De Gruef vun der Buerg ass haut zum gréissten Deel zougeschott. E gouf vun der Käercherbaach gefiddert, an op der Nordsäit war e ganz aus dem Fiels erausgeha ginn. Hautdesdaags ass nach just eng Parti am Südosten ze gesinn. E war eng 11 - 12 Meter breet. Geologesch Opnamen hunn erginn, datt et praktesch onméiglech war, dat de Gruef ëmmer ënner Waasser stoung. Dat kënnt doduerch datt d'Baach besonnesch am Summer net ëmmer genuch Waasser konnt liwweren, an d'Waasser um poröse Sandsteen méi séier versickert a verdonst ass wéi d'Bach et konnt noliwweren. Et gëtt duerfir ugeholl datt de Gruef am Summer meeschten dréche war, a just am Wanter e méi oder wéineger suppecht Hënnerness war.

Den 22. November 1938 gouf d'Schlass op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.

Literatur [änneren]

  • Gengler, Nicolas, 1939. Die alten Schlossherrschaften von Körich. P. 215-217 in: Der Kanton Capellen : Festschrift zur Zentenarfeier der Unabhängigkeit Luxemburgs / hrsg. vom Organisations-Comité der Kantonalfeier in Cap, am 11. Juni 1939. Capellen.
  • Krantz, Robert & Norbert Quintus, 1984. Untersuchungen über die zwei Burgen zu Koerich. [mit Beiträgen von René Klein und Robert Leer]. 43 p. Monuments en péril n°4. Société des antiquités nationales, Luxembourg.
  • Milmeister, Jean, 1979. Die Nassauer von Koerich. Revue Jg. 34, Nr. 34: 32-35, Luxemburg.
  • Schmitt, Edmond, 2003. Käercher Schlassfrënn : Gréiveschlass bald regionales Kulturzentrum?, in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 24, N° 3/4: 405-411.
  • Zimmer, John, 2010. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 3: Brandenburg, Dudelange, Koerich, Larochette, Septfontaines, Stolzemburg, Vianden. Editions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-919883-24-0 (cf. Ss. 44-75)

Um Spaweck [änneren]

Commons: Schlass Käerch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. Lëtzebuerger Staatsarchiv AXLIX 798; C. Wampach, Urkunden & Quellenbuch (UQB) VI, N°621.
  2. Majerus, Nic., Luxemburger Gemeinden (Lux., 1959/1960)