Scotte-Tram

Vu Wikipedia
Plakat fir de Scotte-Tram vun 1897
E Scotte-Tram ëm 1899

De Scotte-Tram oder Scotte-Zuch war e Gefier dat um Enn vum 19. Joerhonnert vum Joanny Scott entwéckelt gi war, mat Damp ugedriwwen an ouni Schinnen op der Strooss gefuer ass. D'Gefier gouf vun der franséischer Société des chaudières et voitures à vapeur système Scotte gebaut.

Et war eng Aart Tram mat enger Motrice an där eng Dampmaschinn installéiert war an e puer Waggonen déi drugehaange goufen. De Scotte-Tram war absënns fir ländlech Gebidder entwéckelt ginn, uganks fir de Giddertransport a méi spéit och fir den ëffentleche Persounentransport. E gouf haaptsächlech a Géigenden agefouert an där nach keng Eisebunnsverbindung bestoung, wéi ë. a. an Uertschaften an de Vogesen oder am Nièvre. 1897 ass och eng Linn bei Paräis, tëscht dem Pont de Neuilly a Colombes opgaangen.

D'Experiment mam Scotte-Tram war net sou erfollegräich wéi erwaart, well den Explosiounsmotor ëmmer méi opkoum an den Interessi um Dampundriff ofgeholl huet[1].

De Scotte-Tram zu Lëtzebuerg[2][änneren | Quelltext änneren]

Vun der Fiels aus bestoung zwar vun 1882 un eng Zuchverbindung op Kruuchten a vun do aus mam Wëllem virun an d'Stad, ma d'Awunner aus der Fiels hate sech eng méi direkt Verbindung gewënscht, absënns well déi nei Strooss vun Dummeldeng aus duerch den Dall vun der Wäisser Iernz bis an d'Fiels, den haitegen CR119, e puer Joer virdru gebaut gi war. Si hate gehofft, datt e Postkutschendéngscht do ageféiert kéint ginn.

De Sujet gouf an der Chamber diskutéiert an ënnert den Deputéierte koum d'Iddi vum Scotte sengem Tram op. D'Regierung huet doropshin de Constructeur invitéiert fir säi Gefier vun Épernay op Lëtzebuerg presentéieren ze kommen. De Joanny Scott huet säin Tram de 14. September 1897 virgestallt; et war eng Motrice mat enger 2-Zylinder-Dampmaschinn an zwéi Waggonen. Am Ganze konnten 30 Leit (6 an der Zuchmaschinn an der 24 an den Unhänger) mat enger Maximalvitess vu 16 km/h transportéiert ginn.

An den Deeg duerno gouf et eng Rei Testfaarten:

De Scott-Tram koum zu Lëtzebuerg awer ni an den Asaz.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Scotte-Tram – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Quell vum Abschnitt:, Affiche pour le transport en commun à vapeur : le Train Scotte. expositions.bnf.fr (1897). Gekuckt de(n) 26.03.2023.
  2. Quell vum Kapitel: Meyer, Jean-Paul. Die Tram Scotte in: Charly  : Schmalspurbahn  : Luxemburg - Echternach 1904-1954. Luxembourg: Gérard Klopp, 2018. S. 54