Stad Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert

Vu Wikipedia

Am 19. Joerhonnert huet d'Stad Lëtzebuerg op urbanisteschem Plang grouss Ännerunge kannt.

Konsequenze vum Uschloss un d'Eisebunn[änneren | Quelltext änneren]

De Raccordement vun der Stad Lëtzebuerg un den Zuch bréngt eng grouss Evolutioun mat sech. Bis duer huet d'Uewerstad wéi eng Sakgaass funktionéiert. Et koum een duerch d'Neipuert eran a goung och do nees eraus, ausser et ass een duerch d'Ënnerstied komm. Elo gi Viadukte gebaut, dorënner d'Al Bréck déi d'Uewerstad un d'Gare uschléisst, déi "sous le contrôle des canons " gebaut gouf.

Wien eng Stad un den Zuch hänkt setzt se an e Reseau vu Mäert, vu Gedanken, vu mënschlechen a materiellen Echangen. En industrielle Rank bilt sech ronderëm d'Festungsstad an hire rayon militaire. D'Stad selwer kritt d'Funktioun vun engem Zentrum wou Decideuren zesummekommen, wou d'Sue versuergt ginn. D'Militärstrategie gëtt lues a lues duerch d'Wirtschaftstrategie ersat.

An der Stad gëtt et méi enk, an d'Verkéiersstréim lafen anescht: et kënnt ee vun der Neipuert duerch d'Stad iwwer d'Al Bréck op d'Gare. Nei Stroosse verbannen d'Industrie mam Zuch. Tëscht der Rue de l'ancien Athénée, dem haitege Boulevard Roosevelt, der Ënneschtgaass an der Dräikinneksgaass entsteet, do wou haut e Stater Hotel steet, en éischte neie Quartier, an dat 1864, zu Festungszäiten. Well ronderëm d'Gare aus militäresche Grënn net huet däerfe gebaut ginn, kann ee soen, datt dat deen éischte Garer Quartier war.

Suitte vum Traité vu London[änneren | Quelltext änneren]

Den Traité vu London vum 11. Mee 1867 deklaréiert Lëtzebuerg neutral, d'Garnisoun muss hirer Wee goen, an d'Festung ass geschleeft ginn. De Schock ass grouss, an d'Immobiliëpräisser falen iwwer Nuecht. An anere Stied am Ausland war d'Industrialiséierung sou weiderkomm, datt do d'lokal Populatioun d'Ofrappe vun hire Festungsmauere verlaangt huet. Zu Lëtzebuerg war dat nach net sou wäit gewiescht, dofir deen Ënnerscheed am Behuelen.

Wat mécht ee mat sou enger Stad, déi bis dato vun hirer Garnisoun gelieft huet, an déi weeder e grousse Marché ass, nach en Hafen huet, an och keng Buedemschätz huet? Wat mécht een an dem Ament, wou am Süde vum Land industriell Stied entstinn? Geet d'Stad Lëtzebuerg ënner?

Dräi Alternative gi studéiert[1]: maache mer aus Lëtzebuerg eng Universitéitsstad, en industriellen Zentrum, eng 'richteg' Haaptstad?

D'Iddi mat der Uni gëtt näischt, déi mécht hir Dieren zu Fribourg op. D'Industrie entsteet am Süde vum Land, do wou Buedemschätz sinn, all Versuch d'Stad zum Industriezentrum ze maachen erweist sech als utopesch an ze deier. Déi lescht Alternative gëtt déi richteg: mir maachen aus der Stad eng Capitale, déi op d'Proximitéit vun der Muecht zielt: Monarchie, Parlament, Finanzen. Dat soll d'Proprietären a Shareholder vun Industrien déi am Süden oder anerwäerts am Land schaffen, unzéien. D'Stad Lëtzebuerg gëtt de Sëtz vun enger Rei Entreprisen: Terres Rouges, ARBED, Banken, Eisebunnsgesellschaften, asw.

Fir déi Decideure muss een och en Ëmfeld schafen. Typesch fir Lëtzebuerg ass, datt all Pouvoir an der Hand vum Staat bleift. Am Ausland fält e Militärdomän un de Staat. Deen iwwerléisst dat Areal der Gemeng. Déi deelt den Domaine a Lousen a verkeeft se u Promoteuren. Zu Lëtzebuerg bleift dat allermeescht an der Hand vum Staat. Dee wëllt d'Zigel an der Hand halen, net nëmme fir e wirtschaftlecht an urbanistescht Konzept duerchzesetzen, mä och fir net als Land an de Franséisch-däitsche Krich (1870) eranzekommen dee virun der Dier stoung.

Zwéin Ingenieur-paysagistë gi sollicitéiert, fir d'Stad opzemaachen a se fir déi cibléiert Awunnerclientèle fit ze maachen: de Louis Fuchs an den Edouard André. Eng weesentlech Roll huet heibäi de lëtzebuergeschen Ingenieur Jean Worré gespillt, deem seng Roll d'Historiographie net genuch gewierdegt huet. Lëtzebuerg gëtt als Villestad amenagéiert, déi aus dem Gréngs erauswiisst. De Mënsch vum Industriezäitalter muss mat der Natur reconciliéiert ginn. Eng Populatioun fir Stadhaiser a Villaen ze baue gëtt ugepeilt: si séchert net nëmmen en Akommes fir de Präis vun de Schleefungsaarbechten ze droen, mä si séchert och eng nohalteg Entwécklung a Richtung Wirtschaft.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Philippart, Robert L., Luxembourg, de l'historicisme au modernisme, de la ville forteresse à la capitale, Louvain-la-Neuve - Luxembourg, 2006, t. 1, S. 337-342 (thèse de doctorat)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]