Taraxacum reichlingii

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Taraxacum reichlingii
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Dikotyledonen
Ënnerklass Rosopsida
Uerdnung Asterales
Famill Asteraceae
Ënnerfamill Cichorioideae
Gattung Taraxacum
Wëssenschaftlechen Numm
Taraxacum reichlingii
Soest, 1971


Den Taraxacum reichlingii ass eng Planzenaart aus der Gattung Taraxacum (Pissblummen) an der Famill vun den Asteraceae[1].

D'Verbreedungsgebitt vun der Aart läit an Holland, Däitschland, Frankräich an an Tschechien[2]. Fréier ass d'Planz och zu Lëtzebuerg gewuess, se steet awer zanter 2001 op der Liste rouge des plantes vasculaires du Luxembourg als Regional ausgestuerwen (RE). Zu Lëtzebuerg ass den Taraxacum reichlingii bei Mouere gewuess[3].

Se gouf 1971 vum hollännesche Biolog Johannes Leendert van Soest beschriwwen[1]. D'Aart gouf zu Éiere vum bekannte lëtzebuergesche Biolog Léopold Reichling genannt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 http://www.theplantlist.org/tpl1.1/record/gcc-110478
  2. https://www.catalogueoflife.org/data/taxon/54WDY
  3. https://ps.mnhn.lu/ferrantia/publications/Ferrantia42.pdf