Tureil

Vu Wikipedia
Tureil
Eng Tureil

Eng Tureil
Eng Tureil
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Ënnerklass Passerae
Uerdnung: Eilen
Famill: Tureilen
Gattung: Tureilen
Wëssenschaftlechen Numm
Tyto alba
Scopoli 1769
Ee vun der Tureil
Left

D'Tureil oder Tuermeil[1] (Tyto alba) ass eng Eilenaart, déi an temperéierten, subtropeschen an tropesche Klimazone virkënnt, a mat dee meeschtverbreetste Vull op der Welt ass.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Tureil gëtt 30–36 cm grouss. Se ass en nuetsaktive Vull, dee sech haaptsächlech vu Mais erniert. Se huet Aen, déi um viischte Kapp nieftenee leien, an déi och bei Däischtert gutt gesinn. Ronderëm hir Aen ass en häerzfërmege Schleier aus méi klenge Plommen, deem seng Funktioun et ass, wéi en Triichter de Schall bei d'Oueren ze leeden. D'Tuereil huet en exzellent Gehéier. D'Faarf vum Bauch an der Broscht ass variabel a geet vu rengem Wäiss bis zum Gielbronge mat drëpsefërmege groe Flecken.

Brutt[änneren | Quelltext änneren]

D'Zuel vun deene Jonken hänkt dovun of, ob et e Joer mat villen oder wéinege Mais ass. Meeschtens huet eng Koppel eng Brutt am Joer mat 4-6 Jonken. A gudde Maisjore britt se zweemol. Eng Koppel Eile mat Jonker verdillegt an enger Nuecht 50 bis 60 Mais. Déi Jonk kommen am Ofstand vun e puer Deeg vuneneen op d'Welt. Wa se erwuesse ginn, fléien déi Jonk aus der Bruttgéigend fort, wann et do net méi genuch ze friesse gëtt. Dat kënnen Honnerte vu Kilometer sinn; de Rank vun enger Tureil, déi zu Lëtzebuerg, zu Biwer, gebuer gouf, ass 1.796 Kilometer wäit ewech a Spuenien erëmfonnt ginn.

D'Tureil zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Tureil ass ass eng vun de 7 Eilenaarten, déi et zu Lëtzebuerg gëtt. Hire lëtzebuergeschen Numm huet se, well se hir Näschter gär a Kierchtierm baut. Zu Lëtzebuerg gëtt et 200-300 Bruttkoppelen där Eilen[1]. Nom Zweete Weltkrich hat hir Zuel staark ofgeholl, dat well vill Kierchtierm (haaptsächlech wéinst de verwëlderten Hausdauwen) vergittert an d'Ëffnunge vu ville Scheieren a Ställ zougestoppt goufen. Nodeem d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga speziell Naschtkëschten opgehaangen huet, konnt de Bestand sech stabiliséieren.

D'Tureil steet op der Rouder Lëscht vun de Bruttvigel, déi potentiell bedreet sinn, auszestierwen. Si ass 2008 vun der LNVL als de Vull vum Joer erausgesicht ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Lorgé, P. & E. Melchior, 2010, S. 183.


Commons: Tyto alba – Biller, Videoen oder Audiodateien