Vicky Krieps

Vu Wikipedia
Vicky Krieps
Gebuer 4. Oktober 1983
Hesper
Nationalitéit Lëtzebuerg, Däitschland
Educatioun Hochschule für Gestaltung und Kunst,
Stater Jongelycée
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Theaterregisseur, Schauspiller

D'Vicky Krieps, gebuer de 4. Oktober 1983 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No hirer Première am LGL, 2004[1], an engem Joer an Afrika huet d'Vicky Krieps zu Zürich op der Hochschule für bildende Künste hir Ausbildung gemaach, wou si och tëscht 2006 an 2008 um Schauspielhaus engagéiert war.

D'Vicky Krieps wunnt a schafft haaptsächlech zu Berlin, an huet zesumme mam däitsche Schauspiller Jonas Laux zwee Kanner. Si ass d'Enkelin vum Politiker Robert Krieps[2][3].

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No e puer lëtzebuergesche Kuerzfilmer hat si eng ganz Rëtsch Rollen an däitschen, lëtzebuergeschen, franséischen, belschen, éisträicheschen an amerikanesche Koproduktiounen. 2014 huet si d'Haaptroll an Elly Beinhorn (Tëleefilm) an Das Zimmermädchen Lynn gespillt. Dem US-amerikanesche Regisseur Paul Thomas Anderson huet hir Interpretatioun vun engem neuroteschen Zëmmermeedchen sou gutt gefall, datt en se fir d'weiblech Haaptroll a sengem Film Phantom Thread (2017) engagéiert huet[2]. 2018 hat si déi weiblech Haaptroll an der Tëleesserie Das Boot, woufir se 2019 den Deutsche Fernsehpreis krut. 2021 koume gläich eng hallef Dose Filmer eraus, an deenen si d'weiblech Haaptroll, oder eng vun den Haaptrollen, hat.

2022 hat si d'Haaptroll an zwéi Filmer, déi um Festival vu Cannes an der Selektioun Un certain regard gewise goufen. Fir eng dovun, déi vun der Keeserin Sisi am Film Corsage vun der Marie Kreutzer, huet si (ex-aequo) de Präis vun der beschter Interpretatioun gewonnen[4][5]. Fir d'selwecht Roll krut si de Präis vun der beschter Actrice um 28. Filmfestival vu Sarajevo[6], bei den Europäesche Filmpräisser[7][8] a beim Lëtzebuerger Filmpräis 2023[9]. .

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Televisoun[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012: Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht Nowuess-Schauspillerin
  • 2014: Förderpreis Neues Deutsches Kino - Beste Nachwuchsschauspielerinfir hir Haaptroll an Das Zimmermädchen Lynn
  • 2018: Lëtzebuerger Filmpräis 2018 fir déi bescht kënschtleresch Leeschtung[10].
  • 2018: Michael Nyqvist Foundation Award[11]
  • 2019: Deutscher Fernsehpreis - Beste Schauspielerin fir hir Roll an der Serie Das Boot[12]
  • 2019: 59e Festival de télévision de Monte-Carlo: Meilleure actrice - série TV dramatique fir hir Roll an der Serie Das Boot[13]
  • 2022: Nominatioun fir de César fir déi bescht Schauspillerin fir hir Roll a Serre-moi fort[14]
  • 2022: Bescht Schauspillerin an der Kategorie Un certain regard um Festival vu Cannes[4][5]
  • 2022: Bescht Schauspillerin (a Corsage) um 28. Sarajevo Film Festival[15]
  • 2022: Bescht Schauspillerin bei de Europäesche Filmpräisser[7][8].
  • 2023: Chevalier des arts et lettres (Frankräich)[16]
  • 2023: Éisträichesche Filmpräis fir déi bescht Schauspillerin (a Corsage)[17]
  • 2023: TIFF Tribute Performer Award um Internationale Filmfestival vun Toronto[18]
  • 2023: Lëtzebuerger Filmpräis 2023: Bescht Schauspillerin (a Corsage).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hir Ried bei der Diplomiwwerreechung hat an de Medie Welle geschloen, vgl.: "Wer Gewalt säht,... Vom Machtkampf zwischen Lehrern und Schülern. Ein Interview mit Vicky Krieps. forum Nr.245, April 2005, S.30-32.
  2. 2,0 2,1 Kate Kellaway Actor Vicky Krieps: I spent a whole day staring into greenery to avoid Daniel Day-Lewis, in "The Guardian", 21. Januar 2018
  3. Thill, M., 2021. Vicky Krieps' prall gefüllter Terminkalender. Das Filmfestival in Cannes ist hellhörig auf die Luxemburger Schauspielerin geworden. Luxemburger Wort vum 16. Juli 2021, S. 19.
  4. 4,0 4,1 Filmfestival vu Cannes: Vicky Krieps gëtt als bescht Actrice ausgezeechent. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-05-29.
  5. 5,0 5,1 Die Croisette feiert Vicky Krieps mit einem Darstellerpreis. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2022-05-27). Gekuckt de(n) 2022-05-29.
  6. 28th Sarajevo Film Festival Awards.
  7. 7,0 7,1 Winners of the 35th European Film Awards. europeanfilmawards.eu. Gekuckt de(n) 11.12.2022.
  8. 8,0 8,1 Vicky Krieps wird von Europa gekrönt. Luxemburger Wort (10.12.2022). Gekuckt de(n) 11.12.2022.
  9. Julien Marcy, Jenny Fischbach, Patricia Baum: Lëtzebuerger Filmpräis 2023: Bescht Acteure sinn d'Vicky Krieps a Marc Limpach, beschte Film ass Kommunioun." 11.11.2023.
  10. Marc Thill, Filmpräis 2018: And The Winner Is... "Gutland" op wort.lu den 22. September 2018
  11. "Vicky Krieps reçoit le Michael Nyqvist Foundation Award." paperjan.lu, 12 novembre 2018.
  12. https://www.deutscher-fernsehpreis.de.
  13. https://www.tvfestival.com/fr/competition/laureats
  14. "Lëtzebuergerin Vicky Krieps fir de César nominéiert." rtl.lu, 26.01.2022.
  15. 28th Sarajevo Film Festival Awards. op sff.ba, gekuckt 2022-08-22.
  16. "Frankreich ehrt Schauspielerin Vicky Krieps." wort.lu, 20.02.2023.
  17. "Éisträichesche Filmpräis 2023: Vicky Krieps fir déi bescht weiblech Haaptroll ausgezeechent." rtl.lu, 16.06.2023.
  18. "Vicky Krieps to Receive Toronto Film Festival Tribute Award." The Hollywood Reporter, 5 Sept. 2023.