Victor Tedesco

Vu Wikipedia
Victor Tedesco
Gebuer 28. Juni 1821
Gestuerwen 29. Mee 1897
Aktivitéit Affekot

De Victor Tedesco, gebuer den 28. Juni 1821 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 29. Mee 1897 zu Arel, war e lëtzebuergesch-belsche Politiker an Affekot.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Victor Tedesco säi Grousspapp, de Joachim Tedesco, deen am 18. Joerhonnert aus Norditalien (Géigend vum Gardaséi) an d'Herzogtum Lëtzebuerg komm war an do ee Meedche vun Houffalize bestuet hat, mat deem e geschwënn eng ganz Rëtsch Kanner hat, hat 1816 an der Stater Chimaysgaass deen éischte Café italien zu Lëtzebuerg opgemaach.[1]. Ee vun de Jonge vun der Koppel, den zukënftege Papp vum Victor, huet et zu enger gudder Positioun an der Verwaltung an der Stad bruecht. De Victor selwer gouf an der Paschtoueschgaass gebuer.

De Victor ass an de Kolléisch gaang, huet sech awer ouni Ofschloss a mat knapps 18 Joer zu Léck op der staatlecher Universitéit am Fach Sidérurgie ageschriwwen. E wéineg méi spéit huet hien dann op Droit ëmgesuedelt. Hie war schonn als Student politesch staark engagéiert a stoung dem Karl Marx ganz no.[2]. Hie war och ganz aktiv an enger Fräimaurerloge.

Am Revolutiounsjoer 1848 huet hie mat aneren zum Stuerz vun der jonker belscher Monarchie opgeruff. No der gescheiterter Expeditioun vun Exilbelsch, déi vu Frankräich aus an dat jonkt belscht Kinnekräich bei Mouscron afale wollten, fir d'Republik auszeruffen, ass hie verhaft ginn. Hie gouf jugéiert an zum Doud verurteelt. D'Strof gouf kuerz duerno an zwanzeg Joer Prisong ëmgewandelt, an de Victor Tedesco koum no gutt fënnef Joer nees fräi.

Hien ass dunn op Arel gaang, wou hie sech als Affekot néiergelooss an eng Famill gegrënnt huet. Hie blouf zwar sozial aktiv, zu Gonschte vun den aarme Matbierger a vun den Aarbechter ("Proletarier"), mä politesch huet hien ee méi biergerleche Stil adoptéiert, sief et als Member vum Provënzialrot vun der Provënz Lëtzebuerg oder als Member vum Areler Gemengerot.[3]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Cathéchisme du prolétaire; 1849 (am Prisong zu Huy geschriwwen).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rudolf Kern: Victor Tedesco - ein früher Gefährte von Karl Marx in Belgien. Sein Leben, Denken und Wirken in der 1. Hälfte des 19. Jahrhunderts; 1. Band: 1821-1854; Münster (Waxmann Verlag), 2014; 808 Säiten. ISBN 978-3-8309-3145-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bernard Thomas: '"Café hipster." d'Lëtzebuerger Land 13.6.2014.
  2. Romain Hilgert: "Victor Tedesco, der erste Luxemburger Marxist ." d'Lëtzebuerger Land Nr.12, 20. Mäerz 2015, S.17.
  3. Fiche Victor Tedesco am Dictionnaire des Wallons, op wallonie.be.