Vinaigrette

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Vinaigrette an der Maach
Russesch Vinaigrette

Eng Vinaigrette (vum fr. vinaigre - Esseg) ass eng kal Zooss aus Esseg, Ueleg a Salz, déi haaptsächlech bei Zalote gemaach gëtt, mee och bei gekachtem Geméis oder gedämptem Fësch zerwéiert ka ginn.

Et léist een als éischt e bësse Salz am Esseg, duerno gëtt een déi duebel Quantitéit Ueleg derbäi a schléit alles zu enger Emulsioun. Dacks kënnt dann nach e bësse Moschter dozou fir d'Emulsioun ze stabiliséieren. Jee no Rezept kommen och nach Peffer, Péiterséileg oder aner Kraider dran.

Den Esseg konservéiert Liewensmëttel net nëmme mee wierzt se och gutt. Am puren Zoustand ass et just fir déi meescht Leit zevill deers Gudden, sou datt dann den Ueleg geholl gëtt fir d'Saier vum Esseg ze dimmen.

An der russescher Kichen versteet een ënner Vinaigrette (винегрет) dogéint eppes ganz aneschters, keng Zooss, mee eng Zalot aus gekachtem Geméis (Gromperen, Muerten, Rout Ribben), Sauer Kornischongen a Sauermous, mat Ueleg a Salz. Se gehéiert do zu den traditionelle Festplaten.