Russesch Kichen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bliny mat roudem Kaviar
Borschtsch
Pelmeni mat Schmant

Déi Russesch Kichen zeechent sech duerch hir grouss Diversitéit aus, déi op déi immens grouss territorial Fläch vum Land an dem Mosaik vun de Kulturen aus deer et zesummegesat ass zréckgeet.

Si huet hiren Urspronk am Bauerekascht, deen am raue Klima dacks op Gromperen, Gefligel, Fësch, Champignonen, Bieren an Hunneg ugewise war. Käre bilden d'Grondlag vun enger Hellewull Brout, Paangescher (Bliny, Oladji), Deegposchen (Piroggen, Pelmeni, Wareniki, Tschebureki) a Gedrénks (Wodka, Béier). Zoppen an Ragouten sinn op déi saisonal disponibel Produiten opgebaut. Dësen einfache Kascht blouf fir déi grouss Majoritéit vun de Russen d'Haaptnierung bis wäit an d'20. Joerhonnert eran.

Den Adel an déi besser gestallte Leit dogéint hunn zënter dem 16-18. Joerhonnert versicht, méi raffinéierte Kascht a Kachtechniken ze kreéieren, dacks mat Hëllef vun deene beschte franséischen an éisträichesche Käsch déi se an hiren Déngscht geruff hunn.

Eenzel Platen a Produite vun der russescher Kiche si weltbekannt, wéi zum Beispill Kaviar, Essegkornischongen, Wodka, Crémant vun der Krim, Bœuf Stroganoff an Orloffbrot. Aner traditionell Platen sinn dogéint just an anere Staate vun der fréierer Sowjetunioun present, mee am Westen éischter seelen ze fannen, ausser a russesche Restauranten déi nom Fall vum Eisene Rideau opkoumen.

Inhaltsverzeechnes

Sakuski [änneren]

E festlecht Iesse fängt a Russland ëmmer mat kalen Entréeën un, Sakuski genannt, déi dacks aus Mayonnaise-Zalote bestinn:

Zoppen [änneren]

Haaptplaten [änneren]

Desserten [änneren]

Téi-Samowar mat Bubliki

Gedrénks [änneren]

Gedronk gëtt absëns gréngen a schwaarzen Téi. Ganz beléift sinn och Kompot a Kwas. Beim alkoholesche Gedrénks fanne Béier (Baltika, Stary melnik, Jiguljowskoje, etc.), Wodka a Medowucha groussen Zousproch, grad ewéi Wäin oder Crémant vun der Krim.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Russesch Kichen – Biller, Videoen oder Audiodateien