Wodka

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Verschidden Zorte Wodka

De Wodka ass eng ganz speziell Zort vu Spirituos. En huet net wéi di aner héichprozenteg Alkoholen e Bouquet, en Aroma oder e spezielle Goût, mä ass ganz neutral a reng. Dacks huet en en Alkoholgehalt vu 37%, 40% oder 50%.

De Wodka kënnt aus Russland an ass wéinst senger Neutralitéit am Goût a Geroch ideal fir Cocktailer ze mixen.

Fréier gouf en haaptsächlech aus Grompere gebrannt. Haut ginn dofir Käre geholl. Gréisstendeels gëtt de Wodka zweemol gebrannt, verschidden Zorten esouguer dräimol.

Commons: Wodka – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen