Wantergréng

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wantergréng
Irescht Wantergréng mat Friichten

Irescht Wantergréng mat Friichten
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Rosopsida
Uerdnung: Apiales
Famill: Araliaceae
Gattung: Wantergréng
Wëssenschaftlechen Numm
Hedera
L. 1753

D'Wantergréng (Hedera) ass eng ëmmergréng Planz aus der Famill vun den Araliaceae. An der Natur kënnt d'Wantergréng a kloere Bëscher fir, op fielsege Plazen an et klëmmt laanscht Beem erop.

Wantergréng gëtt et an Nordafrika, op de Kanareschen Inselen, op den Azoren, op Madeira, an Europa, a China, am Himalaya an a Japan. D'Blieder kënne ganz sinn oder dräi bis fënnef Läppercher hunn. Wann d'Wantergréng jonk ass krécht et iwwer de Buedem, oder klëmmt laanscht alles erop wou et eng Upak fënnt, a seng Blieder si gedeelt. Et mécht an der Jugend och Adventivwuerzelen. Am Alter bilt et Träisch an et mécht kleng Bléien déi gréngelzeg-giel sinn. D'Friichten hunn d'Form vu klenge Bullen, déi en Duerchmiesser vu 4 bis 7 Millimeter hunn, déi vun de Vullen am Wanter gären als Fudder geholl ginn. Friichte kënne schwaarz, oder heiansdo och orangefaarweg bis giel sinn.

Irescht Wantergréng (Hedera hibernica) mat Friichten

Vum gemenge Wantergréng (Hedera helix) goufe vill Kultivare gezillt.

D'Wantergréng ka beim Kontakt d'Ursaach vun Hautentzündungen an Allergie sinn.

Bekanntsten Zorten[änneren | Quelltext änneren]

  • Hedera azorica: op den Azoren
  • Hedera canariensi: op de Kanareschen Inselen
  • Hedera colchica: am Kaukasus
  • Hedera helix: an Europa, ka bis iwwer 10 Meter héich klammen.
  • Hedera hibernica: Irland
  • Hedera nepalensis: am Himalaya
  • Hedera pastuchovii: Kaukasus, Nordiran
  • Hedera rhombea: Japan
Commons: Hedera – Biller, Videoen oder Audiodateien