Wiesselcoursmechanismus II
De Wechselcoursmechanismus II (ofgekierzt WCM II; (Englesch: European Exchange Rate Mechanism II, ERM II) ass zanter dem 1. Januar 1999 e Wiesselcourssystem, deen tëscht verschiddenen EU-Länner besteet. De WCM II leet eng Bandbreet vu ± 15 Prozent un de Leetcours vun der Wärung vun engem WCM II-Member op den Euro fest.
Dat Europäescht Wärungssystem II (EWS II), ass den Nofollger vum Europäesche Wärungssystem (EWS), dat vum 13. Mäerz 1979 bis den 31. Dezember 1998 bestoung.
Den Ament si Bulgarien an Dänemark am WCM II. Ee Krittär vun de Konvergenzkrittären ass, datt e Land op d'mannst zwee Joer am WCM II si muss, ier et den Euro aféiere kann.
Memberen[änneren | Quelltext änneren]
Aktuell Memberen[änneren | Quelltext änneren]
Land | Wärung | ISO 4217 | Leetcours (1 EUR =) | D'Garantéiert Wiesselcoursbandbreet | WCM-II-Bäitrëtt | Spärdelai fir d'Euro-Aféierung | (Geplangten) Euro-Aféierung |
---|---|---|---|---|---|---|---|
Bulgarien | Bulgaresche Lew | BGR | 1,95583 | ± 15 % (béidsäiteg) | 10. Juli 2020 | ofgelaf | 1. Januar 2025 |
Dänemark | Dänesch Kroun | DKK | 7,46038 | ± 2,25 % (béidsäiteg) | 1. Januar 1999 | ofgelaf | keng aktuell Pläng |
Nach net bäigetrueden EU-Länder[änneren | Quelltext änneren]
Fënnef Membere vun der EU sinn nach keng Membere vun der Eurozon oder dem WCM II: Polen, Rumänien, Schweden, Tschechien an Ungarn. Déi fënnef EU-Memberen hu sech verflicht, den Euro anzeféieren.
Land | Wärung | ISO 4217 | Ëmrechnungscours (1 EUR =) | Geplangt |
---|---|---|---|---|
Polen | Złoty | PLN | 4,2835 | Kee Bäitrëtt geplangt |
Rumänien | Rumänesche Leu | RON | 4,9677 | Bäitrëtt fir 2027 geplangt (Euro-Aféierung fir 2029 geplangt) |
Schweden | Schweedesch Kroun | SEK | 11,526 | Kee Bäitrëtt geplangt |
Tschechesch Republik | Tschechesch Kroun | CZK | 25,286 | Kee Bäitrëtt geplangt |
Ungarn | Forint | HUF | 390,1 | Kee Bäitrëtt geplangt |
Fréier Memberen[änneren | Quelltext änneren]
De WCM II huet sech als e stabilt Wiesselcours-Arrangement erwisen. Zanter 1999 misst nëmmen de Leetzëns vun der Slowakescher Kroun zwee kéieren ugepasst ginn. D'Leetcoursse vun de sechs weidere Länner, déi den Euro agefouert hunn, misste wärend der WCM-II-Memberschaft net geännert ginn.
Land | Wärung | ISO 4217 | WCM-II-Bäitrëtt | Euro-Bäitrëtt | Ëmrechnungscours (1 EUR =) |
---|---|---|---|---|---|
Estland | Estesch Kroun | EEK | 27. Juni 2004 | 1. Januar 2011 | 15,6466 |
Griicheland | Griichesch Drachme | GRD | 1. Januar 1999 | 1. Januar 2001 | 340,750 |
Kroatien | Kroatesch Kuna | HRK | 10. Juli 2020 | 1. Januar 2023 | 7,53450 |
Litauen | Lettesche Lats | LVL | 29. Abrëll 2005 | 1. Januar 2014 | 0,702804 |
Lettland | Litauesche Litas | LTL | 28. Juni 2004 | 1. Januar 2015 | 3,4528 |
Malta | Malteesesch Lira | MTL | 29. Abrëll 2005 | 1. Januar 2008 | 0,429300 |
Slowakei | Slowakesch Kroun | SKK | 28. November 2005 | 1. Januar 2009 | 30,1260* |
Slowenien | Sloweeneschen Tolar | SIT | 27. Juni 2004 | 1. Januar 2007 | 239,640 |
Zypern | Zypriotescht Pond | CYP | 29. Abrëll 2005 | 1. Januar 2008 | 0,585274 |
* entsprécht dem leschten an zanter dem 29. Mee 2008 gëltegen, WCM-II-Leetcours (Leetcours vum 19. Mäerz 2007 bis den 28. Mee 2008: 35,4424; virdrun: 38,4550)