Éditions Saint-Paul

Vu Wikipedia
Éditions Saint-Paul
Sëtz 2, rue Christophe Plantin
L-2339 Stad Lëtzebuerg
Branche Verlag
Produit Bicher, eBicher
Homepage www.editions.lu

D'Éditions Saint-Paul war e lëtzebuergesche Verlag, dee Bicher an Ebooks erausbréngt. De Verlag war eng Branche vun der Mammegesellschaft Saint-Paul Luxembourg s. a.[1] mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.

E war 1887 gegrënnt ginn, a war dee gréisste Verlag zu Lëtzebuerg (wann een den Office des publications de l'Union européenne op der Säit léisst).

Säi Sortiment war breet gefächert a goung vun der Geschicht iwwer Toursismus, Sport, Droit, Steierrecht, Dictionnairen a Konscht, Jugend bis hin zu Fiktiounsliteratur.[2]

Op den 1. Januar 2020 huet de Groupe Saint-Paul decidéiert, de Verlag zouzemaachen.[3] D'Éditions Schortgen hunn d'Verlagsaktivitéiten iwwerholl.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Charles Jourdain: 100 Joër Sankt-Paulus-Dréckerei 1887–1987. Imprimerie Saint-Paul S.A.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. https://web.archive.org/web/20131206041134/http://www.editions.lu/editions/
  2. "éditions SAINT-PAUL - 1er éditeur de livres au Luxembourg." op saint-paul.lu.
  3. "Wat sinn d'Defien no der Fermeture vun den Editions Saint-Paul?" rtl.lu, 17.02.2020.
  4. "Schortgen Editions übernimmt Buchverlags-Aktivitäten von Saint-Paul Luxembourg S.A." wort.lu, 13.11.2019.