1998 WW31
|
| |
| Eegenschafte vum Orbit | |
|---|---|
| Orbittyp | Transneptuneschen Objet |
| Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
| Grouss Hallefachs | 44,484 AE |
| Exzentrizitéit | 0,089 |
| Sideresch Ëmlafzäit | 296 a 251 d |
| Inklinatioun | 6,819 Grad |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | 133 ± 15 km |
| Mass | 1,7 × 1018kg |
| Rotatiounsperiod | 12,31 h |
| Absolut Hellegkeet | 6,05M |
| Entdeckung | |
| Entdecker | Deep Ecliptic Survey |
| Entdeckungsdatum | 18. November 1998 |
Den 1998 WW31 ass en Transneptuneschen Objet.
Hie gouf den 18. November 1998 vum Deep Ecliptic Survey entdeckt a mécht mam Objet S/2000 (1998 WW31) 1 dat éischt entdeckt transneptunescht Duebelsystem zanter der Entdeckung vum Pluto a senge Mounden an ass dat bekanntst wéi och dat symmetreschtst Duebelsystem am Sonnesystem.
Déi zwéi Kierper hu bal déi selwecht Gréisst, d'Verhältnes vun hirem Duerchmiesser ass 1:1,2, d'Verhältnes vun hire Massen ass 1:1,74, wann ee vun de selwechten Uewerflächen an Dichten ausgeet. Hir Ëmlafzäit ëmeneen dauert ronn 570 Deeg, d'Distanz vuneneen ass tëscht ronn 4.000 a 40.000 km, woubäi déi grouss Hallefachs ongeféier 22.000 km ass. D'Duerchmiesser vu béiden Objete leien ongeféier tëscht 100 an 150 km, wann ee vun enger Dicht vun 1 bis 2 g/cm³ ausgeet. Hir kollektiv Mass ass 1/6000 vum System Pluto-Charon.