206P/Barnard-Boattini

Vu Wikipedia
206P/Barnard-Boattini
Orbittyp kuerzperiodesch
Grouss Hallefachs 3,2393
Perihel 1,1452 AE
Aphel 5,3334 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.6465
Perihelduerchgank 25. Oktober 2008
Ëmlafdauer 5,83 a
Ëmlafvitess ? km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ?
Entdecker Edward Emerson Barnard
Andrea Boattini
Entdeckungsdatum 13. Oktober 1892
7. Oktober 2008
Aner Bezeechnungen D/1892 T1, P/1892 T1, P/2008 T3

Den 206P/Barnard-Boattini ass deen éischte Koméit, dee mat Hëllef vu Fotoen entdeckt gouf. Gelonge war dat dem US-amerikaneschen Astronom Edward Emerson Barnard an der Nuecht vum 13. Oktober 1892. No dëser Observatioun goung de Koméit verluer a krut déi virleefeg Bezeechnung D/1892 T1.
De 7. Oktober 2008 war et dann dem italieeneschen Astronom Andrea Boattini gelongen, de Koméit op Fotoe vum Mount Lemmon Survey zeréckzefannen.

Zanter senger éischter Entdeckung hat de Koméit 20 Ëmleef absolvéiert an dobäi de Jupiter an de Joren 1922, 1934 an 2005 op enger Distanz vun 0,3 bis 0,4 AE passéiert. De 25. Oktober 2008 hat hien de Perihel mat 1,1452 AE Ofstand zu der Sonn passéiert, woubäi hien eng maximal Hellegkeet vu ronn 20,3 mag erreecht hat[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 206P/Barnard-Boattin op der Websäit vum Earthrise Institute