50 Cent

Vu Wikipedia
50 Cent
Gebuertsnumm Curtis James Jackson III
Gebuer 6. Juli 1975
Nationalitéit USA
Aktivitéit Rapper, Lidderschreiwer, Schauspiller, Televisiounsproduzent, Museksmanager, Geschäftspersoun, Entreprener, Investisseur
De 50 Cent

De Curtis James Jackson III, gebuer de 6. Juli 1975 zu Queens, New York, a besser bekannt als 50 Cent, ass en US-amerikanesche Rapper, Schauspiller an Entreprener.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Curtis Jackson gouf am Quartier "South Jamaica" vum New Yorker Staddeel Queens gebuer. Nodeems seng Mamm an engem Feier gestuerwen ass, wéi hien 8 Joer al war, a säi Papp hie verlooss huet, ass hie bei senger Bom opgewuess. Am Alter vun 12 Joer huet hien ugefaangen, mat Drogen ze dealen. 1994 gouf hien dowéinst verhaft an zu 3-9 Joer Prisong verurteelt. Amplaz an de Prisong ze goen, krut hien d'Méiglechkeet fir sechs Méint an e Bootcamp ze goen. Do huet hien och seng Schoul nogeholl. An den 1990er huet hie mat senger Musekskarriär ugefaangen. Am Joer 2000 gouf hien ugeschoss an néngmol getraff.

2002 huet hien d'Kompilatioun Guess Who's Back? verëffentlech, duerch déi den Eminem op hien opmierksam ginn ass. Hien huet de 50 Cent op sengem Label Shady Records ënnert Vertrag geholl. Den Eminem an den Dr. Dre hunn dem 50 Cent säin Album Get Rich or Die Tryin‘ (2003) produzéiert, deen de Curtis Jackson als ee vun den erfollegräichste Rapper op der Welt lancéiert huet. D'Single In da Club stoung ënner anerem an den USA, Kanada, Australien an Däitschland op der éischter Plaz vun den Charts an an den Top 10 vun de meeschten europäesche Länner. Och den zweeten Album The Massacre (2005) war en immense kommerzielle Succès, besonnesch wéinst den Titelen Candy Shop an Just a Lil Bit. Am selwechte Joer ass och de semi-biograpesche Film Get Rich or Die Tryin‘ an de Kino komm, an deem de 50 selwer d'Haaptroll iwwerholl huet. Spéider war hien och nach an anere Filmer als Schauspiller aktiv.

Donieft huet de Curtis Jackson sech och als Entreprener etabléiert an an eng ganz Rei Produkter oder Secteuren investéiert, dorënner Immobilien, Wodka, Parfum, elektronesch Produkter a Moud.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Studiosalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Get Rich or Die Tryin
  • 2005: The Massacre
  • 2007: Curtis
  • 2009: Before I Self Destruct
  • 2014: Animal Ambition: An Untamed Desire to Win

Singelen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2002: Wanksta
  • 2003: In da Club
  • 2003: 21 Questions
  • 2003: P.I.M.P. (mam Snoop Dogg, Lloyd Banks a Young Buck)
  • 2004: Disco Inferno
  • 2005: Candy Shop
  • 2005: Just a Lil Bit
  • 2005: Outta Control
  • 2005: Window Shopper
  • 2007: Ayo Technology (mam Justin Timberlake)
  • 2009: Baby by Me (mam Ne-Yo)
  • 2012: My Life (mam Eminem an Adam Levine)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 50 Cent – Biller, Videoen oder Audiodateien