6 Jours de Paris

Vu Wikipedia

D'6 Jours de Paris ass eng Vëloscompetitioun op der Pist déi a 6 Deeg gefuer gouf.

Dës Zort Coursse sinn eng Zäit laang uechter Europa, Amerika an Oceanien a ville grousse Stied organiséiert ginn a ware ganz populär.

D'6 Jours de Paris sinn an de Joren 1913 an 1914, vun 1921 bis 1939, vun 1946 bis 1958, vun 1984 bis 1986 a vun 1988 bis 1989 gefuer ginn. Zanter 1989 goufe se net méi organiséiert.

Aner 6-Deegcourssen no Länner[änneren | Quelltext änneren]

Europa[änneren | Quelltext änneren]

Amerika[änneren | Quelltext änneren]

Oceanien[änneren | Quelltext änneren]

Dës Courssen déi virum Zweete Weltkrich ganz beléift waren haten ëmmer zolidd Präisgelder.

Mat déi bekanntst Champione vu 6-Deegcoursse waren de Piet Van Kempen, den Oscar Egg, de Rik Van Steenbergen, de Peter Post, de Patrick Sercu an den Eddy Merckx deen ee vun de gréisste 6-Deegfuerer war éier déi Coursse lues a lues verschwonne sinn ausser an Däitschland wou der nach reegelméisseg gefuer ginn.