Association luxembourgeoise des ingénieurs industriels

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) ALII)
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Association luxembourgeoise des ingénieurs industriels a.s.b.l. war déi lëtzebuergesch Vereenegung vun de Fachhéichschoulingenieuren.

Déi ausseruerdentlech Generalversammlung vum 11. Mäerz 2009 huet mat deenen neie Statuten och en neien Numm ugeholl: Technology Managers.lu (tema.lu).

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1916 goufen d'Cours techniques supérieurs mat enger Dauer vu 4 Semesteren als éischt lëtzebuergescht technescht Héichschoulstudium fir d'Absolvente vun der Handwierkerschoul agefouert.

Den 18. August 1935 war d'Grënnung vun der Association des anciens diplômés des Cours techniques supérieurs.

Mat der Aféierung vum Titel Ingénieur technicien am Joer 1958 huet d'Vereenegung hiren Numm ëmgeännert an huet vun do un Association luxembourgeoise des ingénieurs techniciens a.s.b.l., ofgekierzt ALIT geheescht.

Mat deem neien Héichschoulgesetz vun 1996 gouf den Titel Ingénieur industriel agefouert an zanter der Assemblée générale vum 24. Mäerz 1998 huet d'Vereenegung Association luxembourgeoise des ingénieurs industriels a.s.b.l.", ofgekierzt ALII geheescht.

Bei der Grënnung vun der Uni Lëtzebuerg gouf den Technikum (Institut supérieur de technologie, ofgekierzt IST) an d'Fakultéit vun de Wëssenschaften, der Technologie an der Kommunikatioun agebonnen. De Studium vum Ingénieur industriel gouf dobäi ofgeschaaft an net wéi an der Belsch zum Master Ingénieur Industriel vu 4 op 5 Joer respektiv vun 240 op 300 ECTS Punkten ausgebaut.

Am Hierscht 2008 huet dee leschten Ingénieur industriel säi Studium ofgeschloss.

No genee 100 Joer ginn elo zu Lëtzebuerg keng Fachhéichschoulingenieure méi ausgebilt.

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

Joren Numm
virun 1996 Kuckt: Association Luxembourgeoise des Ingénieurs Techniciens
1996-2000 Armand Leners
2000-2009 Michel Loos
zanter 2009 Kuckt: Technology Managers.lu (Tema.lu)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Websäit vun der Association Luxembourgeoise des Ingénieurs Industriels