Jean-Louis Gilson

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Abraham Gilson)
Jean-Louis Gilson
Gebuer 8. Oktober 1741
Al Habech
Gestuerwen 16. Januar 1809
Florenville
Aktivitéit Moler, Geeschtlechen
Wandmolerei am Haus op Nr. 11 an der Nordstrooss, Stad Lëtzebuerg

De Jean-Louis Gilson, besser bekannt als Abraham Gilson oder Brudder Abraham vun Orval (Frère Abraham), gebuer den 8. Oktober 1741 zu Habay-la-Vieille, deemools am Herzogtum Lëtzebuerg, a gestuerwen de 16. Januar 1809 zu Florenville, deemools am Département des Forêts, war e lëtzebuergesche Moler.

Hie war eng Zäit am Ermitage vu Bizeux an ass, mat 30 Joer, an d'Abtei Orval agetrueden. Do si se séier op seng Talenter als Moler opmierksam ginn. Hien huet sech däerfen en Atelier ariichten a Mol- an Zeechecourse ginn. Kuerz duerno goung hie fir aacht Méint op d'Düsseldorfer Konschtakademie wou hien en éischte Präis fir seng Kompositioun Adam et Ève pleurant Abel krut, déi haut dem Musée Gaumais zu Virton gehéiert.

1793, wéi d'franséisch Revolutiounstruppen Orval zerstéiert hunn, ass hien an d'Stad Lëtzebuerg geflücht, wou d'Abtei Orval e Refugium hat. Zwee Joer duerno goung en an d'Probstei vu Conques, mä wéi 1796 d'reliéis Uerden opgeléist goufen, huet e sech zu Florenville en Haus, genannt La Brouque, kaaft, wou en nees en Atelier ageriicht huet. E bekannte Schüler vun him war de Johann Anton Ramboux (1790-1866) vun Tréier, deen 1843 Conservateur vum Wallraf-Richartz-Musée zu Köln gouf. En anere Schüler vun him war de Miseler Pierre Bohr (1773-1847), awer net - wéi dacks ugeholl - de Pierre Maisonnet. De Pierre-Joseph Redouté (1759-1840) war warscheinlech nëmme ganz kuerz zu Orval.

Den Abraham Gilson ass mat 68 Joer, am Januar 1809, zu Florenville gestuerwen. Do sinn haut nach Kopië vun zwee vu senge Wierker ze gesinn: Ee "Schutzengel" an eng Maria mam Rousekranz (d'Originaler hänken zu Baaschtnech am Musée Piconrue).

Am Ganze sinn e puer honnert Wierker vun him bekannt. De Brudder Abraham huet seng Biller meeschtens mat Abm signéiert.

Aus senger Zäit zu Lëtzebuerg ass haut nach ë. a. eng Wandmolerei erhalen, déi en am viischten Zëmmer vum Haus Nr.11 an der Nordstrooss gemoolt huet. D'Haus huet deemools dem Cyprien Merjai gehéiert, dee virdrun den Affekot vun der Abtei Orval war. Haut ass do e Restaurant dran. De Gilson hat och de Refectoire vun der Neimënster-Abtei dekoréiert; dee gouf awer am 19. Joerhonnert vun engem Feier zerstéiert.

Aner Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Expositioun[änneren | Quelltext änneren]

Frère Abraham, le moine peintre d'Orval. vum 27.6.2009 bis den 8.11.2009 zu Virton am Musée Gaumais.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Marie Yante & Bénédicte Pétrement, mat der Kollaboratioun vun der Myriam Pezzin, Frère Abraham - Moine peintre d'Orval 1741-1809; Virton (Éditions du Musée Gaumais), 2009; 172 S. (ill.).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]