Acrux

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Acrux (Stär))
Acrux
α Crucis
Stärebild: Crux (Cru)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 12h 26m 35,9s
Deklinatioun - 63° 05' 56,6"
Parallax (10,17 ± 0,67)
Spektralklass: B0.5 IV
Gréissteklass 0,77 mag
Distanz (321 ± 21) Lj
Liichtkraaft:
Mass: 14 (10) / 13
Duerchmiesser:
Radialvitess: -11,2 km/s
Aner Bezeechnungen
BSC HR1 = 4730
HR2 = 4731
CCDM J12266-6306
Henry-Draper-Katalog HD1 = 108248
HD2 = 108249
Hipparcos-Katalog 60718
SAO-Katalog 251904
Tycho-Katalog TYC1 = 8979/3464/1
TYC2 = 8979/3465/1

Den Acrux ass den hellste Stär am Stärebild Crux (Südlecht Kräiz) an den zwielefthellste Stär um Himmel. Well hie ganz wäit am Süde läit, krut hien an den europäesche Kulture keen eegenen Numm; d'Bezeechnung Acrux ass einfach aus Alpha a Crux zesummegesat. An der Astronomie gëtt hie systematesch als α Crucis oder kuerz α Cru bezeechent, genee wéi och de Becrux an de Gacrux.

Mat enger visueller Magnitude vun 0,77 mag ass hien de südlechste Stär vun der 1. Gréisst.

Et handelt sech beim Acrux ëm e Méifachstäresystem, deen ongeféier 320 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech läit. Déi zwou optesch trennbar Komponenten, α¹ Crucis an α² Crucis, hunn eng Wénkeldistanz vu 4,29". Den α¹ Cru huet eng visuell Hellegkeet vun 1,3 mag, an den α² Cru huet eng vun 1,6 mag. Alle béid si gliddeg Stäre mat der Spektralklass B, si hunn eng Uewerflächentemperatur vun 28.000 K respektiv 26.000 K an eng Liichtkraaft vum ronn 25.000- respektiv 16.000-fache vun eiser Sonn. Eng Ëmkreesung dauert esou laang, datt d'Ëmlafbeweegung kaum auszemaachen ass. Aus hirem minimalen Ofstand vu 430 AE ergëtt si sech op d'mannst op 1500 Joer, ass awer warscheinlech vill méi laang.
Den α¹ Cru ass selwer e spektroskopeschen Duebelstär. Vu senge Komponente gëtt déi 14- respektiv 10-fach Sonnemass ugeholl. Si kreesen ëm sech selwer an nëmme 76 Deeg bei enger Distanz vu ronn enger 1 AE.

E weideren Ënnerris steet op enger Distanz vun 90" vum Acrux bei engem Positiounswénkel vun 202 Grad a weist déi selwecht raimlech Beweegungsrichtung. Dofir kéint hie gravitativ un d'Acrux-System gebonne sinn. Wann hie wierklech no beim Acrux sollt leien, da wier hie fir seng Klass zimmlech liichtschwaach. Méiglecherweis handelt et sech bei him éischter ëm en opteschen Duebelstär, dee méi wéi duebel sou wäit wéi den Acrux ewech läit.

D'Masse vun de méi helle Komponente vum α¹ Cru a vum α² Cru loossen drop schléissen, datt si um Enn vun hirem Liewenszyklus als Supernova explodéiere wäerten. Déi méi schwaach Komponent vum α¹ Cru kéint dogéint als wäissen Zwerg enden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]